Direkt op den Haaptinhalt

10.12.2025

Audienze vun den Entwécklungs-ONGe LGS a FNEL

Dëse Mëttwoch huet de Grand-Duc, Chefscout vu Lëtzebuerg, noeneen déi zwou Entwécklungs-ONGe « Lëtzebuerger Guiden a Scouten » (LGS) an d’« Fédération Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg » (FNEL) empfaangen.

© Maison du Grand-Duc

Déi verschidde Vertrieder hunn hir Projeten, mat Fokus op Educatioun a Formatioun, zu Lëtzebuerg an am Ausland presentéiert, déi zesumme mat ONGen a lokale Scoutsorganisatioune realiséiert ginn.

De Chefscout ass houfreg op hiren Engagement a begréisst hir Aktiounen, déi d’Wäerter vum Scoutismus éieren.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc