27.11.2025
Centenaire vum Wäibauinstitut
En Donneschdenowend huet den Institut viti-vinicole (IVV) säin honnertjäregt Bestoen am Déngscht vum Lëtzebuerger Wäibau a vu senge Wënzer gefeiert. De Grand-Duc war bei der akademescher Sëtzung fir dëse ronnen Anniversaire dobäi, zesumme mam Chamberpresident Claude Wiseler, dem Premierminister Luc Frieden an der Ministesch Martine Hansen.
© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie
Zanter senger Grënnung begleet de Wäibauinstitut alleguer déijéineg, déi de Secteur beliewen deen haut fir säi Knowhow an d'Qualitéit vu senge Produite bekannt ass. Ausléiser fir d'Grënnung vum Wäibauinstitut am Joer 1925 war et fir de Wënzer géint Pilzkrankheeten ze hëllefen déi deemools d‘Wéngerte befall hunn. Haut bedreift den Institut Fuerschung a mécht praktesch Versich fir datt de Secteur sech un de Klimawandel kann upassen a fir den ëmmer neien Erausfuerderunge gewuess ze sinn. Esou soll déi unerkannte Qualitéit vun der Lëtzebuerger Produktioun nach weider kontinuéierlech verbessert ginn.
