01.03.2026
Iwwerreechung vu Rollstill un d'Basketsekipp « LuxRollers »
E Sonndeg war de Grand-Duc Henri bei der Iwwerreechung vun neie Rollstill fir d'LuxRollers dobäi, dem Veräin zu Lëtzebuerg dee Basket am Rollstull ubitt. Present waren och de Chamberpresident Claude Wiseler an d’Ministesch Martine Hansen.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
D‘Ekipement gouf vun der Œuvre nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte offréiert, opgrond vun enger Initiativ déi vun der fréierer groussherzoglecher Koppel ënnerstëtzt gouf.
Dat neit Material gouf am Kader vum Championnatsmatch tëscht de LuxRollers an dem RBC Essen iwwerreecht. De fréiere Staatschef huet no deser Zeremonie d‘Partie symbolesch lancéiert, bevir hien di zwou Ekippe vun der Tribün aus encouragéiert huet.












