23.10.2025
« Luxembourg Venture Days » | Ofschloss-Zeremonie
Déi drëtt Editioun vun de « Luxembourg Venture Days » ass en Donneschden Owend an der LuxExpo mat groussem Succès op en Enn gaangen. De Grand-Duc, begleet vum Minister Lex Delles, war bei der Ofschloss-Zeremonie vun dësem Event, dat den 22. an 23. Oktober Start-ups a Scale-ups, sou wéi Investisseuren a Risikokapitalfonge zesummebruecht huet, déi ee gemeinsaamt Zil hunn: d'Weiderentwéckele vum nationalen Ekosystem.
© Maison du Grand-Duc
Déi verschidden Diskussiounsronnen, déi wärend der Zeremonie organiséiert gi waren, hunn d'Perspektive vum Start-up-Environnement ervirgehuewen. Eng Dynamik, déi d'Kandidate vum Programm „Fit4Start#16“ schonn antizipéiert haten, andeems si hir villverspriechend Projeten an de Beräicher vun der Digitaltechnik, „HealthTech“ a Raumfaart virgestallt hunn.
© Maison du Grand-Duc
De Grand-Duc huet d'Ambitioune vun den 20 Start-ups - déi ënner 495 Kandidaturen erausgewielt goufen - gelueft a säin Interessi un den Initiative betount, déi zu der Dynamik vun der Lëtzebuerger Ekonomie bäidroen.
