Direkt op den Haaptinhalt

19.10.2025

Nationale Commemoratiounsdag – 2025

Dëse Sonnden, den 19. Oktober, huet de Nationale Commemoratiounsdag stattfonnt, bei deem Lëtzebuerg d’Bevëlkerung fir hire Widderstand, hir Solidaritéit an hire Kampf géint d’Nazi-Besatzung vun 1940 bis 1945 éiert.

De Grand-Duc Guillaume huet fir d’éischt Kéier als Staatschef un dëser Zeremonie deelgeholl.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Dës Traditioun, déi 1946 agefouert gouf, erënnert all Joer un d’Wichtegkeet vun der Pflicht eis un d’Vergaangenheet ze erënneren.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

D’Commemoratioun huet mat engem Gottesdéngscht an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ugefaangen a gouf mat enger Zeremonie beim Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit um Kanounenhiwwel ofgeschloss. De Staatschef huet ee Kranz néiergeluecht an der éiweger Flam neit Feier geschenkt.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

D’Feierlechkeete sinn an der Presenz vum Claude Wiseler, President vun der Chamber, vum Luc Frieden, Premierminister, vum Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch, vum Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, vum Generol Steve Thull, Chef d'État-Major vun der Arméi, vum Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police, souwéi vu Vertrieder vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale ofgehale ginn.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey