15.04.2026
New York | Visitt vun der Entreprise K Health an Treffe mat Veteranen aus dem Zweete Weltkrich
Op sengem leschten Dag zu New York huet de Grand-Duc, begleet vum Minister Xavier Bettel, d’Healthtech-Entreprise K Health besicht, déi sech op d’Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz am Gesondheetswiese spezialiséiert huet.
© Russ Rowland
Schonn a verschiddenen amerikanesche Spideeler am Asaz, verännert d’Technologie vun der Firma d‘Diagnos, d‘Orientéierung an de Parcours vun de Patienten, wärend d’Roll vum Dokter bei der finaler Entscheedung erhale bleift.
Am Laf vum Dag hunn de Staatschef an de Minister och e puer amerikanesch Veteranen aus dem Zweete Weltkrich am Luxembourg House begéint, fir iwwer hir Erliefnisser aus där Zäit ze schwätzen.
An enger Welt déi aktuell vun Onsécherheet gepräägt ass, erënneren déi beandrockend Temoignagë vun de Veteranen un d’Grausamkeet vu Kricher. Méi wéi jee ass et wichteg, d’Erënnerungskultur ze erhalen.
© Russ Rowland
