Direkt op den Haaptinhalt

14.03.2026

Ouverturesconcert vun der 40. Editioun vum Klenge Maarnicher Festival

Dëse Samsdeg huet de Grand-Duc Henri um Ouverturesconcert vun der 40. Editioun vum Klenge Maarnicher Festival zu Hengescht deelgeholl.

© Laurent Sturm

Fir dës Jubiläumseditioun hunn de Chouer INECC an den Orchester „Les Goûts réunis“ eng wonnerbar musikalesch Rees an d’Häerz vum franséische Barock ugebueden, mat bal 70 Museker a Sänger op der Bün. Dës Leeschtung, déi vum Groussherzog Henri an och vum Public begeeschtert opgeholl gouf, huet de Festival lancéiert an domat dëse kulturelle Rendez-vous, deen zu engem feste Bestanddeel vun der Regioun ginn ass, opgemaach.

D’Programmatioun geet nach bis den 30. Oktober, mat ville Concerten am Norde vu Lëtzebuerg an bis an déi däitsch Grenzregioun.

© Laurent Sturm

© Laurent Sturm

© Laurent Sturm