06.02.2026
Ouvertureszeremonie vun den Olympesche Wanterspiller vu Milano-Cortina 2026
D’Olympesch Wanterspiller vu Milano-Cortina 2026 goufen dëse Freideg den Owend offiziell opgemaach, mat enger spektakulärer Zeremonie, déi gläichzäiteg op véier Sitten organiséiert gouf. De Grand-Duc Henri, begleet vun der Ministesch Martine Hansen, war beim Event am Stadion San Siro dobäi.
© LUXPRESS-ATP / Jean-Claude Ernst & Qian Jun
Ënnert de ronn 2.900 ageschriwwenen Athleten si mam Gwyneth Ten Raa a Matthieu Osch zwee Lëtzebuerger Sportler déi di national Faarwe vertrieden.
De Grand-Duc Henri suivéiert hire Parcours mat besonnescher Opmierksamkeet a wënscht hinnen, souwéi de Leit di se encadréieren, vill Erfolleg fir dës Spiller.
© LUXPRESS-ATP / Jean-Claude Ernst & Qian Jun












