Direkt op den Haaptinhalt

24.10.2025

Visite de Courtoisie an der Belsch: Senat

Fir den Ofschloss vun dëser Visite de Courtoisie, ass de Grand-Duc vum Här Vincent Blondel, President vum belsche Senat, an der Mme Florence Reuter, Vize-Presidentin vun der Representantekummer, fir e Gespréich mat de Vertrieder vun den zwee Haiser empfaange ginn. Um Programm stoung och eng Visitt vun deenen zwou Plenièren.

© SIP / Frédéric Sierakowski

Rendez-vous e Méinden zu Berlin, wou et mat der nächster Visite de Courtoisie vun der groussherzoglecher Koppel weidergeet.