02.02.2026
Visitt vum Rocklab
Als groussen Amateur vu Musek, huet de Grand-Duc e Méindeg de Rocklab besicht, e speziellen Espace an der Rockhal, deen der aktueller Musek an all hire Facetten dediéiert ass.
© Maison du Grand-Duc
De Rocklab ass fir Ufänger a fir Professioneller, a bitt e kreatiivt Ëmfeld: komplett equipéierte Studioen, verschidde Proufraim a Plazen, wou zesummegeschafft a musizéiert ka ginn. Duerch säin Netzwierk vun nationalen an internationale Kënschtler, gëtt déi artistesch Entwécklung vun neien a scho konfirméierten Talenter ënnerstëtzt.
Um Enn vun der Visitt hunn déi Responsabel vun der Rockhal dem Grand-Duc eng Gittar an de Lëtzebuerger Faarwen iwwerreecht, déi vun nationale Kënschtler realiséiert gouf.












