04.10.2025
Trounwiessel | Stengefort : Solidaritéit a Gesondheetsfleeg

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey
Fir déi drëtt Etapp vun dëser Tournée ass de Grand-Duc op Stengefort gereest, fir eng Renconter am Zeeche vun der Solidaritéit. Vill Leit wäerten un de Festivitéite vum Trounwiessel deelhuelen, mee verschiddener hu leider net d’Méiglechkeet. Dem neie Grand-Duc wor et wichteg, och si net ze vergiessen, an hien huet dofir d’Spidol zu Stengefort besicht.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey
Bei dëser Geleeënheet huet hien och seng déif Unerkennung dem Gesondheetspersonal ausgedréckt, dat duerch säin Asaz a säi bestännegt Engagement all Dag zum Wuelbefannen an der Gesondheet vun der Bevëlkerung bäidréit. De Staatschef gouf vun der Stärekächin Léa Linster, Marraine vun dëser Etapp, begleet, souwéi vun de Ministere Max Hahn, Gilles Roth a Martine Deprez, an dem Buergermeeschter Sammy Wagner.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey