D'Monarchie
D’Geschicht vu Lëtzebuerg a sengen Dynastien
Vum Siegfried bis zum Grand-Duc Henri ass Lëtzebuerg duerch d'Hänn vu verschiddenen Dynastië gaangen. Et ass eng Geschicht mat ville politeschen Héichten an Déiften, déi dozou gefouert huet, datt d'Land 1815 zum Grand-Duché erhuewe ginn ass, éier et 1890 schliisslech seng Onofhängegkeet erkläert huet, wat d'Enn vun der Personalunioun mat den Nidderlande bedeit huet. De Grand-Duc Adolphe gouf dunn den éischten Herrscher vun enger nationaler Dynastie, déi haut vum Grand-Duc Henri, Staatschef a sechstem Nokomme vun der Linn Nassau-Weilburg, assuréiert gëtt.
Dat éischt Grofenhaus
De Siegfried gëllt als de Grënner vu Lëtzebuerg am Joer 963 duerch en Tausch vu Lännereie mat der Abtei Sankt Maximäin zu Tréier. Am Kader vun deem Tosch kritt de Siegfried amplaz vu Lännereien zu Feele bei Ettelbréck e Kastell, dat op engem Fielsvirsprong iwwer dem Dall vun der Uelzecht steet. Op där Plaz léisst de Siegfried e klengt Schlass opriichten. Hei kënnt déi éischte Kéier an der Geschicht den Numm Lëtzebuerg (Lucilinburhuc) an d'Spill. Dës Buerg war de Kär vun der zukünfteger Stad.
De Siegfried staamt aus enger adeleger Famill aus der Géigend tëscht Maas a Musel, dréit den Titel vun engem Grof vu Lëtzebuerg awer nach net. Eréischt mat sengem Urenkel Konrad I. gëtt fir d'éischte Kéier an der Geschicht vum Land d'Bezeechnung "Grof vu Lëtzebuerg" ernimmt, an zwar am Joer 1083 am Grënnungsakt vun der Benediktinerabtei vu Münster.
Vum Siegfried bis zum Doud vum Konrad II. am Joer 1136 koumen aacht Grofen aus der selwechter Famill.
Ënner dem Konrad II. geet dat éischt Grofegeschlecht vun de Lëtzebuerger op en Enn.
Glasfënster vum J. Oberegger aus dem 20. Joerhonnert an der Kathedral vu Lëtzebuerg mat enger Duerstellung vum Grof Siegfried vu Lëtzebuerg
Dat zweet Grofenhaus
D'Geschicht vum Haus geet virun ënner dem Numm Lëtzebuerg-Namur, wéi de Keeser Konrad III., den éischten Hohenstaufer um Keesertroun, dem Henri vun Namur, genannt Henri de Blannen, den Titel vum Grof vu Lëtzebuerg gëtt. Mat dësem Haus mécht Lëtzebuerg sech fir de romaneschen Afloss op. D'Gräfin Ermesinde, Duechter vum Henri IV., huet fir d'éischt den Theobald vu Bar an duerno den Herzog vu Limburg, Walram, bestuet. No deem sengem Doud ass d'Herrschaft vun der Ermesinde tëscht 1226 an 1247 gepräägt duerch eng Zäit vu Fridden a reliéisem Opschwong. Am Joer 1247 gëtt hire Fils, den Henri V., genannt de Blonden, Grof. Mat him fänkt d'Haus Lëtzebuerg-Limburg un.
D'Herzoge vu Burgund
Zanter dem Grof Henri VII. kommen d'Grofe vu Lëtzebuerg an déi héijer Sphäre vun der Muecht. 1308 gëtt den Henri op den Troun vum Hellege Réimesche Räich gewielt.
D'Grofschaft Lëtzebuerg gëtt 1354 vum Charles IV., Fils vum Jang de Blannen, deen 1310 Kinnek vu Béime gouf, an de Rang vun engem Herzogtum erhuewen. D'Haus Lëtzebuerg hält 1437 op, mam Doud vum Keeser Sigismond, Kinnek vu Béimen an Ungarn, Herzog vu Lëtzebuerg. Seng Niess Elisabeth trëtt hir Rechter un de Philippe vu Burgund of. Domat fält Lëtzebuerg un d'Herzoge vu Burgund.
Mat der Eruewerung vu Lëtzebuerg duerch de Philippe de Gudden am Joer 1443 gëtt Lëtzebuerg an e gréissere Staat integréiert, fir d'éischt an de burgundesche Staat, dunn an d'Nidderlanden. D'Nidderlande sinn zu deem Zäitpunkt kee richtege Staat, mee vill méi ee Konglomerat vun zimmlech eegestännege Fürstentümer. D'Herrschaft vun de Burgunder verstäerkt de franséischen Afloss op Lëtzebuerg a Franséisch gëtt zur dominanter Sprooch an der Administratioun. D'Nofollger vun den Herzoge vu Burgund (spuenesch Habsburger am 16. a 17. Joerhonnert, éisträichesch Habsburger am 18. Joerhonnert), hunn dat Franséischt bäibehalen.
Plang vun der Stad Lëtzebuerg am Joer 1581
D'Haus vun den Habsburger
De Jong vum Philippe de Gudden, de Charles de Kéngen, vereenegt seng Lännereien am Süden (Burgund) mat senge Fürstentümer am Norden, déi sech vu Lëtzebuerg bis an d'Nidderlanden zéien. Seng Bestriewunge léisen awer grouss Ängschten aus a stoussen op staarke Géigewand.
Seng Duechter, d'Marie vu Burgund, bestuet den Äerzherzog Maximilian vun Éisträich, Keeser vu 1486 bis 1519. Si stierft fréi an hannerléisst hiert Ierwen hirem Fils, dem Philipp de Schéinen, deen duerch säi Bestietnes d'Kinnekräicher vun Aragon a Kastilie kritt. Säi Jong, de Charles V., gëtt 1519 zum Keeser gewielt. Domat fält Lëtzebuerg zesumme mat den Nidderlanden un déi spuenesch Habsburger. 1555-1556 dankt de Charles V. of an deelt säi Besëtz op: Säi Brudder, de Ferdinand I., ierft d'Keeserkroun an den éisträichesche Besëtz; säi Fils Philipp II. ierft Spuenien an d'Nidderlanden.
Glasfënster an der Kathedral vu Lëtzebuerg
Mam Antrëtt vu Frankräich an den Drëssegjärege Krich am Joer 1635 gouf Lëtzebuerg zu engem begierten an ëmkämpfte Gebitt. De Krich goung 1659 mam Pyrenäefridden op en Enn, duerch dee Frankräich d'Stied an Amtsbezierker vun Ivoix-Carignan, Montmédy, Marville, Damvillers an Diddenuewen am Herzogtum Lëtzebuerg kritt.
Vu 1678 bis 1683 besetzen d'Truppe vum Louis XIV. grouss Deeler vu Lëtzebuerg an erueweren d'Haaptstad 1684. Am Traité vu Regensburg gëtt dem Louis XIV. d'Herzogtum Lëtzebuerg zougestanen. De Vauban, deen d'Belagerung vun der Stad Lëtzebuerg geleet hat, baut d'Festung aus, mee de Louis XIV. muss op Lëtzebuerg verzichten an et 1698 un de Charles II. vu Spuenien zréckginn (Traité vu Ryswick).
Um Enn vum Krich ëm d'Ierffolleg vu Spuenie falen déi spuenesch Nidderlanden – a mat him Lëtzebuerg – 1714 un déi éisträichesch Habsburger an der Persoun vum Keeser Charles VI.
D'Keeserin Maria Theresia
D'Herrschaft vun der Keeserin Maria Theresia (1740-1780) ass vu grousse Verännerunge gepräägt. Si leet grouss Reformen a fir d'Verbesserung vum Fonctionnement vun den Institutiounen an d'Erhéijung vun de Staatsfinanzen. Hire Fils Joseph II. trëtt 1780 hir Nofolleg un a féiert d'Wierk vu senger Mamm virun, dat den Erneierungsbestriewunge vun der franséischer Revolutioun virgräift.
D'Herrschaft vun den Habsburger geet 1795 mam Amarsch vun de Revolutiounstruppen op Lëtzebuerg op en Enn. D'Herzogtum Lëtzebuerg gëtt als Département des Forêts u Frankräich ugegliddert. An där Zäit sinn zu Lëtzebuerg déifgräifend Ännerungen, déi seng Entwécklung am 19. Joerhonnert bestëmmen.
Bild vun der Keeserin Maria Theresia
Deen ënner dem "Directoire" herrschende Geescht vun der franséischer Revolutioun ass virun allem duerch d'Verfügung vun der Rechtsgläichheet an der Aféierung vum Code Civil ënner engem Konsulat markéiert.
No der Néierlag vum Napoléon an der Vëlkerschluecht vu Leipzig am Joer 1813 a senger Ofdankung ee Joer méi spéit, hunn d'Lëtzebuerger sech gewënscht, d'Habsburger kéimen erëm, mee de Wiener Kongress vun 1815 huet deem Wonsch net Rechnung gedroen. Well dat iewescht Zil war, Frankräich bannent senge Grenzen ze halen, hunn déi europäesch Groussmuechten d'Schafe vun engem grousse Kinnekräich vun den Nidderlande beschloss, dat un d'Dynastie vun den Oranien-Nassauer geet. De Guillaume I. vun Oranien-Nassau huet esou zousätzlech zu Holland déi fréier éisträichesch Nidderlande kritt. D'Herzogtum Lëtzebuerg gëtt zu engem onofhängege Staat erkläert an dem Kinnek vun den Nidderlanden als perséinleche Besëtz iwwerginn, "fir him a senge rechtméissegen Ierwe perséinlech a fir ëmmer ze gehéieren" (Artikel 67 vum Schlussrapport vum Wiener Kongress). Domat ass de Kinnek vun den Nidderlande bis 1890 och Grand-Duc vu Lëtzebuerg.
De Grand-Duché ass, wéi schonn zu Zäite vum Ancien Régime, sproochlech an zwee gedeelt: an e franséischen Deel an an en däitschen Deel, an deem och d'Haaptstad läit a wou de gréissten Deel vun der Bevëlkerung Lëtzebuergesch schwätzt.
D'Haus Lëtzebuerg-Nassau
Den Ufank vun der nationaler Dynastie
De Guillaume I. behandelt Lëtzebuerg net wéi en onofhängege Staat, mee wéi eng Provënz vu sengem Kinnekräich. D'Belsch sinn onzefridde mat der Politik vum Guillaume I., déi de politeschen, wirtschaftlechen a reliéise Charakteristike vun de Südprovënzen net Rechnung dréit. Am August 1830 kënnt et zur Revolutioun. Am Oktober schléissen d'Lëtzebuerger sech de Belsch un. Hir Virwërf un de Guillaume I. bezéie sech op déi héich Steierlaascht an dee flagranten Desintressi vum Roi-Grand-Duc u Lëtzebuerg. De Guillaume I. ass just eng Kéier zu Arel gewiescht, hien huet all déi héich Ämter an der Verwaltung mat Auslänner besat an hien hat vir, an der Grondschoul Hollännesch als Schoulfach anzeféieren. Mam Protest géint de Guillaume I. hoffen d'Lëtzebuerger, sech der nidderlännescher Herrschaft entzéien ze kënnen an datt hir Eegestännegkeet an Zukunft berécksiichtegt gëtt.
Am Londoner Vertrag erkennen d'Groussmuechten d'Onofhängegkeet vun der Belsch un an erzwénge schliisslech d'Deelung vu Limburg a Lëtzebuerg. Am Joer 1839 ënnerschreift de Guillaume I. endlech dee Vertrag, mat deem hien d'Deelung an d'Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg unerkennt. D'Personalunioun mat den Nidderlanden an d'Memberschaft vu Lëtzebuerg am Däitsche Bond gi bestätegt.
Reiderstandbild vum Roi-Grand-Duc Guillaume II. op der Wëllemsplaz an der Stad Lëtzebuerg.
Guillaume II.
1840 trëtt de Guillaume II. d'Nofolleg vu sengem Papp un an accordéiert dem Grand-Duché eng eege Verfassung. Seng Herrschaft war wuel kuerz, awer duerch sëllege Reforme gepräägt. Hie schaaft déi administrativ Infrastrukturen, op déi de Grand-Duché sech baséiert, fir e richtege Staat ze ginn a gëtt 1842 säin Accord fir de Bäitrëtt vu Lëtzebuerg an den Zollveräin (Zollunion mit Preußen). 1848 gëtt Lëtzebuerg sech eng liberal Verfassung, déi déi kinneklech Virrechter aschränkt. De Guillaume II. stierft am Joer 1849.
Als Unerkennung fir seng Verdéngschter gëtt 1884 eng Reiderstatu mat sengem Bild am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg opgeriicht.
Guillaume III.
1849 trëtt säi Fils Guillaume III. seng Nofolleg un an herrscht bis 1890. Hien huet eng méi reaktionär Gesënnung. D'Verfassung ass him ze liberal an ze republikanesch. Dofir setzt hien 1856 eng iwwerschaffte Verfassung a Kraaft, déi d'Virrechter vun der Monarchie nees aféiert. De Staatsrot, deem seng Membere vum Herrscher ernannt ginn, gëtt agefouert. Hien ernennt säi Brudder Henri zu sengem Lieutenant-Représentant. Dee méissegt d'Politik vu sengem Brudder e bëssen, andeems hien d'Onofhängegkeet vum Land am Ausland verdeedegt, besonnesch bei der Geleeënheet vun der Kris vun 1867, wéi den Napoléon III. Lëtzebuerg wollt kafen. De Guillaume III. stierft den 23. November 1890.
No de Bestëmmunge vum Familljepakt vum Haus Nassau vun 1783, geet d'Kroun vum Grand-Duché 1890 un deen eenzege männlechen Ierwe vum Haus Nassau, den Herzog Adolphe vun Nassau-Weilburg, iwwer, wärend déi eelsten Duechter vum Guillaume III., d’Wilhelmine, vun hirem Papp den Troun vun den Nidderlanden iwwerhëlt, wou eng aner Ierffolleg gëllt. Domat ass d'Personalunioun tëschent Lëtzebuerg an den Nidderlanden eriwwer.
Fir méi gewuer ze ginn:
Fréier Herrscher an hir PartnerInnen
Fannt all d'Biografië vun de Virfare vum Grand-Duc, abegraff déi vu sengem Papp, dem Grand-Duc Jean, a senger Groussmamm, der Grande-Duchesse Charlotte. An all Biografie kritt Dir och weider Informatiounen iwwer déi jeeweileg ubestuete Partner.