Déi offiziell Fournisseure vum groussherzoglechen Haff
Eng Auswiel un Exzellenz
Den Titel "Fournisseur de la Cour" ass Ausdrock vum Vertrauen, dat de Grand-Duc de Lëtzebuerger Firmen entgéintbréngt, déi sech duerch d'Exzellenz vun hire Leeschtungen ervirdinn.
Op dëser Säit fannt Dir déi offiziell Lëscht vun de "Fournisseurs de la Cour", den Ursprong vum Brevet gradewéi Informatiounen doriwwer, wéi Dir den Titel kënnt ufroen, wéi e verdeelt gëtt a wéi e ka genotzt ginn.
SecuriTec S.à r.l.

Fournisseur officiel depuis 2025
Iwwer den Titel "Fournisseur de la Cour"
Den Titel "Fournisseur de la Cour" soll Betriber ervirhiewen, déi dem groussherzoglechen Haff eng exzellent Déngschtleeschtung bidden.
Den Titel "Fournisseur de la Cour" gëtt op Demande nëmmen u Firmen oder Betriber verginn, déi de groussherzoglechen Haff iwwer en Zäitraum vu minimum 5 Joer reegelméisseg mat Wueren an enger bestëmmter Gréisstenuerdnung beliwwert hunn.
Bei der Préiwung vun der Demande bewäert de groussherzoglechen Haff nieft der Qualitéit vun de Liwwerungen a Leeschtungen ënner anerem och de Ruff, de gudden Numm a ganz allgemeng d'Politik vum Betrib betreffend d'Fërderung vun der nohalteger Entwécklung.
D'Demande, fir de Brevet ze kréien, gëtt vun enger Bewäertungskommissioun gepréift. Dës Kommissioun bewäert reegelméisseg d'Leeschtunge vun de Betriber, déi de Statut hunn, a préift och d'Demanden op Verlängerung. De Brevet an d'Rechter, déi domat verbonne sinn, si streng perséinlech un d'Firma oder un d'Persoun gebonnen, a kënnen net op eng drëtt Persoun iwwerdroe ginn.
Geschicht
Den Herzogtum Lëtzebuerg gouf als onofhängege Staat gegrënnt an um Wiener Kongress 1815 zum Groussherzogtum erhuewen. Et gouf dunn un de Guillaume vun Oranien-Nassau, Kinnek vun den Nidderlanden, verginn, deen och den Titel vum Grand-Duc vu Lëtzebuerg gedroen huet.
1840 gouf säi Fils Guillaume II. bis zu sengem Doud Grand-Duc. Him verdanke mir eis éischt Verfassung an eng Handelskummer.
1850 gouf de Prënz Hendrik vun den Nidderlanden, de Brudder vum Guillaume III., zum Prënz Lieutenant-Représentant vum Grand-Duché ernannt. Hien hat grousst Intressi um Wuel vu senger Bevëlkerung an huet sech fir hir wirtschaftlech Entwécklung agesat. Well hien e puermol am Joer am Schlass zu Walfer residéiert huet, hat hie reegelméissege Kontakt mat de Fournisseuren am Grand-Duché. Wéi de Grand-Duc Adolphe 1890 op den Troun koum, huet hien eng sëllege vum Prënz Hendrik sengen agesate Fournisseuren offiziell iwwerholl. En neie Brevet gouf vum groussherzoglechen Haff ausgestallt, wouraus de "Fournisseur de la Cour", wéi mir en haut kennen, entstanen ass.
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg
De Grand-Duc Adolphe hat séier d'Zoutrauen an de Respekt vum Lëtzebuerger Vollek kritt, andeems hien d'Land mam Haus, un deem senger Spëtzt hie stoung, vereent huet. Zu den eelste genannte Fournisseuren hu vun 1891 de Portraitsmoler Charles Bernhoeft an d'Lampertsbierger Rousegäertnerei Souppert an Notting gehéiert. Am Joer 1895 gouf och d'Keramiksmolerei Zens frères vun Iechternach zum Fournisseur de la Cour ernannt.
Iwwer de Fournisseur de la Cour ënnerstëtzt a belount de groussherzoglechen Haff d'Traditioun an den eenzegaartegen Knowhow vun de Lëtzebuerger Betriber an den Titel "Fournisseur de la Cour" steet fir Exzellenz a Qualitéit. Zanter der Grënnung hu méi wéi 500 Betriber déi Auszeechnung kritt, wat de Wuelstand an de wirtschaftlechen Erfolleg vun engem ganze Land erëmspigelt.
Wéi gëtt ee "Fournisseur de la Cour"?
D'Lëscht vun de Fournisseure vum groussherzoglechen Haff ginn all Joer op Nationalfeierdag aktualiséiert.
D'Lëscht vun de Fournisseure vum groussherzoglechen Haff ginn all Joer op Nationalfeierdag aktualiséiert.
D'Konditiounen, fir den Titel ze kréien, ginn Iech beim Ausstelle vum Brevet matgedeelt.
Dir kënnt Iech beim Service "Fournisseurs de la Cour" mellen, deen Iech all néideg Ënnerlagen zur Verfügung stellt.
Är Firma däerf mat hirem Statut als "Fournisseur de la Cour" Reklamm maachen, muss awer déi entspriechend visuell Reegele beuechten.
Bei weidere Froe kontaktéiert eis wgl. iwwer de Kontaktformulaire.
Liest hei weider
Zougangsastellungen
Sichen












