16.06.2026
10. Gebuertsdag vum Business Club France-Luxembourg
Um Dënschdeg war de Grand-Duc zu Paräis fir un de Feierlechkeete vum 10. Gebuertsdag vum Business Club France-Luxembourg (BCFL) deel ze huelen, hie gouf begleet vun de Ministere Xavier Bettel, Lex Delles a Stéphanie Obertin.
© Maison du Grand-Duc
Zënter senger Grënnung am Joer 2015, huet d'BCFL sech als privilegiéiert Plattform fir Renconteren an den Austausch am Domän vun der Franséischer a Lëtzebuerger Wirtschaft imposéiert. A senger Ried huet de Grand-Duc och un déi franco-lëtzebuergesch Realitéit erënnert:
« Elle repose avant tout sur des territoires profondément interconnectés, des économies étroitement interdépendantes et des sociétés qui vivent ensemble au quotidien. »
De Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Dës Soirée war eng gutt Geleeënheet fir op e Joerzéngt Engagement an Zesummenaarbecht zréckzekucken, an all déi Leit ze wierdegen, déi zum Erfolleg vum Club bäigedroen hunn a fir d'Zukunftsperspektive vun dësem Partenariat ervirzehiewen.
De Staatschef huet sech och mat ville Perséinlechkeeten ënnerhalen, déi sech fir déi wirtschaftlech an institutionelle Relatiounen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg asetzen.
