10. Gebuertsdag vum „Zentrum fir politesch Bildung“
14.10.2026
Um Mëttwoch war de Grand-Duc am Neimënster, wou den „Zentrum fir politesch Bildung“ (ZpB) säin 10. Gebuertsdag gefeiert huet. Hie gouf ënner anerem vum Minister Claude Meisch begleet.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Am Kader vun dësem Gebuertsdag, huet den ZpB op e Joerzéngt vu Fërderung vun der demokratescher Staatsbiergerschaft zu Lëtzebuerg zeréckgekuckt. Déi onofhängeg Fondatioun setzt sech dofir an, jonk Generatioune op politesch a gesellschaftlech Erausfuerderungen ze sensibiliséieren, de kritesche Geescht ze stäerken an d’Bedeelegung um ëffentleche Liewen ze fërderen.
Dem Grand-Duc läit dëst Thema besonnesch um Häerz an hie gräift et och reegelméisseg a sengen ëffentleche Rieden op.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Duerch seng villfälteg Aktivitéiten a seng Ressourcen am Domän vun der Educatioun, wëll den ZpB sech weider fir d’Stäerkung fir d'Bildung vun de Bierger asetzen, dëst am Déngscht vun enger demokratescher, engagéierter an oppener Gesellschaft.
Zum Schluss huet de Grand-Duc nach eng Ausstellung besicht, an där d‘Haaptprojete virgestallt goufen, déi de Wee dokumentéieren, deen d’Fondatioun zënter hirer Grënnung zeréckgeluecht huet.