21.03.2026
43. Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté
De Grand-Duc huet e Samschdeg déi 43. Editioun vum Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté an der LuxExpo besicht, dee vum CLAE organiséiert gëtt. De Staatschef gouf vun de Ministere Max Hahn a Leon Gloden begleet.
© Maison du Grand-Duc
An engem internationale Kontext vu Krich gëtt de Festival e Message vun Oppenheet, Zesummenhalt a vum Zesummeliewen déi d' Stäerkt vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ausmaachen.
Déi knapp 400 Stänn gi vu Fräiwëllegen animéiert, déi houfreg sinn, hir Geschicht an hir Kultur mam Grand-Duc an de ville Visiteuren ze deelen.












