Direkt op den Haaptinhalt

01.02.2026

8. Editioun vum "Western European Model European Parliament"

8. Editioun vum "Western European Model European Parliament"

Dëse Sonndeg war d’Zeremonie fir den Optakt vun der 8. Editioun vum « Western European Model European Parliament » (WEMEP), a Presenz vum Grand-Duc a vum Minister Xavier Bettel.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De Programm « Model European Parliament » gouf 1994 lancéiert, fir Jonker ze encouragéieren, sech fir international Froen an de Fonctionnement vun der EU ze interesséieren.

Des Editioun gëtt vu Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch organiséiert a bréngt wärend fënnef Deeg Jonker aus Däitschland, der Belsch, Dänemark, Irland, Lëtzebuerg, Portugal a Schweden zesummen. Si beliewe parlamentaresch Debatten zu aktuelle gesellschaftlechen a politeschen Erausfuerderungen a ginn dobäi vun Experten ënnerstëtzt. Déi ugeholl Resolutioune ginn duerno un d’Europäescht Parlament weidergeleet.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D’Zukunft vun de Jonken ass e wichtegt Uleies fir de Staatschef. Hien gratuléiert de Schülerinnen a Schüler fir d’ Virbereedungsaarbecht vum WEMEP, deen hir Dynamik an hiert Engagement ënnersträicht, fir hir eegen Zukunft an déi vun Europa vir ze bereeden a mat ze gestalten.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue