80. Anniversaire vum Nationale Commemoratiounsdag
11.10.2026
Dëse Sonndeg huet Lëtzebuerg den 80. Anniversaire vum Nationale Commemoratiounsdag gefeiert an dobäi all deene Mënsche geduecht, déi sech tëscht 1940 an 1945 wärend der Occupatioun géint Nazidäitschland gewiert hunn, Courage a Solidaritéit gewisen hunn oder Affer vu Verfollgung goufen.
© Maison du Grand-Duc / Emmanuel Claude
© Maison du Grand-Duc / Emmanuel Claude
© Maison du Grand-Duc / Emmanuel Claude
Bei dëser Geleeënheet huet de Grand-Duc fir d'éischte Kéier am Kader vum Gedenkdag eng Ried beim Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit um Kanounenhiwwel gehalen.
De Staatschef huet dobäi un d'Wichtegkeet vun der Erënnerungsaarbecht an der Vermëttlung vun der Geschicht un déi jonk Generatiounen erënnert. Hien huet och eis gemeinsam Verantwortung ënnerstrach fir déi Wäerter ze erhalen, fir déi sech esou vill Mënschen agesat an hiert Liewe gelooss hunn.
© Maison du Grand-Duc / Emmanuel Claude
Loosst eis dofir gemeinsam, jonk an al, d’Memoire erhalen.
Loosst eis de Resistenzler, den Zwangsrekrutéierten, den Affer vun der Shoah gedenken, an all deenen, déi ënner Verfollgung a Gewalt an deem Krich gelidden hunn.
A loosst eis zesummen de Bléck an d’Zukunft riichten, mat der Verantwortung, déi eis Geschicht eis iwwerdréit, a mat Vertrauen an déi Generatiounen, déi no eis kommen.
De Grand-Duc
D'Gedenkzeremonie huet a Presenz vum Claude Wiseler, President vun der Chamber, dem Luc Frieden, Premierminister, der Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch, der Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, dem Generol Claude Robinet, Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi, dem Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police grand-ducale, souwéi Vertrieder vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale stattfonnt.











