82. Sëtzung vum Verwaltungsrot vun der World Scout Foundation zu Lëtzebuerg

10.10.2026

E Samschdeg, den 10. Oktober 2026, huet de Grand-Duc d'Membere vun der World Scout Foundation am Palais fir déi 82. Sëtzung vum Verwaltungsrot empfaangen, déi ënnert der Presidence vum Här Beat Wenger stoung.

wsf_lux_20261010-1.jpg

© Melt Studio / Daniel Wahl

Et war déi éischt Reunioun vum Verwaltungsrot vun der World Scout Foundation zu Lëtzebuerg, zanter de Grand-Duc am Mee 2026 Éierepresident vun der Fondatioun gouf. Hien huet déi Funktioun vum Kinnek Carl XVI Gustaf vu Schweden iwwerholl. De Grand-Duc, dee selwer vun 2021 bis 2023 President vun der World Scout Foundation war an zanter 2017 Member vum Verwaltungsrot, ass der Fondatioun an hirer Missioun schonn zanter ville Joren enk verbonnen.

Der Reunioun ass en Owendiessen vun der World Scout Foundation virausgaangen, deen e Freideg, den 9. Oktober, am Schlass Bierg stattfonnt huet. Bei dëser Geleeënheet koumen Ënnerstëtzer vun der Fondatioun zesummen, déi sech gemeinsam fir de Scoutismus a fir nei Perspektive fir jonk Mënschen op der ganzer Welt asetzen.

wsf_lux_20261010-34.jpg

© Melt Studio / Daniel Wahl

E Samschdegowend huet de Grand-Duc och un engem Event deel geholl wou Baden-Powell Fellows zesumme koumen.

D’World Scout Foundation ënnerstëtzt d’Aktivitéiten an d’Weiderentwécklung vum Scoutismus weltwäit mat Hëllef vun Donateuren – de Baden-Powell Fellows –, Partnerorganisatiounen an engagéierten Ënnerstëtzer, déi d’Wäerter an d’Missioun vum Scoutismus deelen.

wsf_lux_20261010-54.jpg

© Melt Studio / Daniel Wahl