Direkt op den Haaptinhalt

09.01.2026

Audienz fir d'Federatioun vun de Lëtzebuerger Spideeler (FHL)

D'Grande-Duchesse huet den Dr Marc Berna, Vize-President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Spideeler (FHL) a Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman (HRS), sou wéi den Här Sylvain Vitali, Direkter vun der FHL empfaangen.

Dës Entrevue schreift sech an den Interessi vun der Grande-Duchesse un Themen ewéi Gesondheet, Wuelbefannen a Betreiung vu Mënschen an. Am Gespréich goufen d'Roll an d'Missioune vun der FHL ugeschwat. D'FHL federéiert d'Spideeler hei am Land a setzt sech fir e Spidolssystem an, deen op d’Qualitéit vun der Fleeg an op eng permanent Upassung un d'Entwécklunge vum Secteur setzt.

D'Vertrieder vun der FHL hunn hir Iwwerleeungen iwwer di grouss Perspektiven an Orientatioune vum Spidolssecteur fir di kommend Jore mat der Grande-Duchesse gedeelt.