Direkt op den Haaptinhalt

13.03.2026

Audienz vum Tom Fletcher, Generalsekretär adjoint vun der UNO bei der OCHA

Um Freideg huet de Grand-Duc den Tom Fletcher an Audienz empfaangen. Hien ass Generalsekretär adjoint vun de Vereenten Natiounen an zoustänneg fir d'Koordinatioun vun den humanitären Affären (OCHA). Den Tom Fletcher war am Kader vun enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg.

© Maison du Grand-Duc

Am Gespréich goung et ëm déi aktuell Erausfuerderunge vum internationalen humanitäre System, deen sech den Ament duerch en onstabille geopolitesche Kontext an duerch e Réckgang vun den humanitäre Finanzmëttel auszeechent. Donieft war och déi staark Partnerschaft tëscht der OCHA a Lëtzebuerg ugeschwat ginn, sou wéi de gemeinsamen Engagement fir e previsibele Finanzement vun der humanitärer Aktioun an déi komplett Ëmsetzung vum internationalen humanitäre Recht.

© Maison du Grand-Duc