21.01.2026
Audienz vun der Féierungsekipp vu « Guardian Industries »
De Grand-Duc huet dëse Mëttwoch di nei Féierungsekipp vum amerikanesche Betrib « Guardian Industries » a vum Grupp « Koch Industries », dem eenzegen Aktionär vu Guardian, empfaangen.
Guardian ass an der industrieller Glasproduktioun spezialiséiert. De Betrib war vertrueden duerch hiren neie President an CEO, Merritt Gaunt. Hie gouf begleet vum Jean Ries, Direkter fir ëffentlech a Regierungsugeleeënheeten, a vum Guus Boekhoudt, Exekutiv-Vizepresident vu Guardian Europe. De Jeff Ramsey huet Koch Industries a sengen neie Funktiounen als Exekutiv-Vizepresident representéiert.
Wärend der Audienz hu si hir Projeten esou wéi déi aktuell Erausfuerderunge vum Secteur virgestallt. « Guardian Industries » huet 1981 säin éischt europäescht Wierk zu Käerjeng opgemaach an huet zënter 2015 säin europäesche Sëtz zu Bartreng.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












