Direkt op den Haaptinhalt

01.11.2025

Aweiung vum Grand Egyptian Museum zu Kairo

Op Invitatioun vum President vun Ägypten, Abdel Fattah El-Sissi, war de Grand-Duc Henri dëse Samschdeg bei der Zeremonie dobäi fir de Grand Egyptian Museum zu Gizeh anzeweien. Hie gouf begleet vum Premierminister, Luc Frieden, a vu ville Staats- a Regierungscheffen, déi sech fir dës Geleeënheet deplacéiert haten.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De Site ass en Hommage un dat antikt Ägypten a gouf mat engem Spektakel aus Liicht, Toun a Freedefeier ageweit. De Grand-Duc Henri konnt dës bedeitend Plaz vun der ägyptescher Zivilisatioun besichen, op där bal 130.000 eenzegaarteg archeologesch Objeten ausgestallt sinn.

Donieft war de fréiere Staatschef wärend sengem Openthalt och d'Pyramide vu Gizeh an den historesche Maart Khan el-Khalili besichen.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue