D'« House of Entrepreneurship » feiert säin 10. Gebuertsdag
20.10.2026
Um Dënschdeg war de Grand-Duc bei de Feierlechkeeten, déi am Kader vum 10. Gebuertsdag vum « House of Entrepreneurship » stattfonnt hunn. Dës Initiativ gouf vun der Chambre de Commerce an d'Liewe geruff a gëtt vum Wirtschaftsministère ënnerstëtzt.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Mat der Zeremonie ass op e Joerzéngt erfollegräich Begleedung vun Entrepreneuren an Initiateure vu Projeten zeréckgekuckt ginn. An de leschten zéng Joer goufen esou méi wéi 23.000 Initiativen aus den ënnerschiddlechste Beräicher ënnerstëtzt. Fir och an Zukunft en dynamesche Bäitrag zur Lëtzebuerger Wirtschaft ze leeschten, setzt d'« House of Entrepreneurship » weider op d'Innovatioun an d'Schafe vun neien Entreprisen, fir och den Erausfuerderunge vu muer gerecht ze ginn.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Mat senger Presenz bei dësem Anniversaire, ënnersträicht de Grand-Duc säin Engagement fir den Entreprenariat an eng staark lëtzebuergesch Wirtschaft.











