Direkt op den Haaptinhalt

13.07.2026

De Grand-Duc begréisst jonk Ukrainer am Palais

De Grand-Duc begréisst jonk Ukrainer am Palais

Ласкаво просимо до Люксембургу.

Dësen Dënschdeg huet de Grand-Duc e Grupp vu jonken Ukrainer am Palais empfaangen, déi gebierteg aus der Stad Boutcha kommen. Am Kader vun engem Rehabilitatiouns- a psychosozialen Ënnerstëtzungsprogramm, entdecken dës Jugendlech den Ament déi wichtegst kulturell Sitten zu Lëtzebuerg. Dëse Projet gouf am November 2024 vun der Gemeng Stroossen an d'Liewe geruff gouf.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

An der Hallschent vun hirem Parcours waren si an de Palais komm an hunn dem Grand-Duc e Fotoalbum gewisen, deen déi Plaze regruppéiert, déi si bis elo wärend hirem Openthalt besicht hunn. Bei dësem häerzlechen a gesellegen Austausch huet de Staatschef och e puer ganz perséinlech Erënnerungen an Anekdoten zu deene verschiddene Plaze mat deene Jonke gedeelt.

De Grand-Duc begréisst den Engagement an d'Solidaritéit vun der Gemeng Stroossen fir déi ukrainesch Stad Boutcha, déi aktuell am gaangen ass nees opgebaut ze ginn.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc