09.05.2026
De Grand-Duc gouf zum Éierepresident vun der « World Scout Foundation » ernannt
Vun e Mëttwoch bis e Samschden (6. bis 9. Mee) war de Grand-Duc fir eng Visitt zu Stockholm, déi am Kader vum « 78th World Baden Powell Fellowship » an dem Board vun der World Scout Foundation organiséiert gouf.
© Magnus Fröderberg
Bei dëser Geleeënheet huet de schweedesche Kinnek Carl Gustav dem Grand-Duc offiziell seng Fonctioun als Éierepresident vun der « World Scout Foundation » ofgetrueden, déi de Kinnek zënter 1977 ausgefouert huet.
De Grand-Duc huet dem Kinnek ausdrécklech fir en halleft Joerhonnert Engagement a säin nohaltegen Ofdrock Merci gesot. Mat groussem Stolz iwwerhëlt de Grand-Duc vun elo un dës Roll a féiert domat säin Engagement an der Scoutsbeweegung weider:
Today, I make this promise: to honour your trust, and to do my very best to further strengthen the Foundation, the Movement, and to inspire young women and men to live by the values of Scouting.
De Grand-Duc
© Magnus Fröderberg
E Réckbléck a Biller op déi wichtegst Momenter vun dësen dräi Deeg, déi der Entwécklung vun der Scoutsbeweegung dediéiert waren.
