06.07.2026
De Grand-Duc iwwerreecht eng Auszeechnung un de Jamie Dimon, CEO vu JPMorgan Chase & Co
Dëse Méindeg huet de Grand-Duc den Jamie Dimon, CEO vun der amerikanescher Bank JPMorgan Chase & Co, a Begleedung vu senger Fra, der Judy Dimon, empfaangen.
© Maison du Grand-Duc
JPMorgan Chase & Co beschäftegt haut méi wéi 318.000 Mataarbechter a méi wéi 60 Länner, dovu bal 800 zu Lëtzebuerg, wou hir Filial eng strategesch Roll an den internationalen Aktivitéite vum Grupp spillt.
Déi amerikanesch Bank ass zënter méi wéi 50 Joer zu Lëtzebuerg present an huet, parallel zu hirer Expansioun an Europa, hir Aktivitéiten a Servicer am Grand-Duché kontinuéierlech ausgebaut.
© Maison du Grand-Duc
Bei där Geleeënheet huet de Staatschef, a Presenz vum Minister Xavier Bettel, den Jamie Dimon mat der "Médaille de Commandeur dans l’Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg" ausgezeechent, als Unerkennung fir dat laangjäreg Engagement vu JPMorgan Chase zu Lëtzebuerg.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












