Diskussiounsronn « CEO of my own life - Ces femmes qui tracent leur propre chemin »

21.10.2026

Diskussiounsronn « CEO of my own life - Ces femmes qui tracent leur propre chemin »

Dëse Mëttwoch hat d'École Privée Marie-Consolatrice zu Esch/Uelzecht eng Table ronde mam Titel « CEO of my own life - Ces femmes qui tracent leur propre chemin » organiséiert. D'Schoul, déi 1888 gegrënnt gouf, bitt hire Schülerinnen haut eng Formatioun, déi op d’Entwécklung vum entrepreneurielle Geescht ausgeriicht ass.

table_ronde_epmc-56.jpg

© Maison du Grand-Duc

D’Grande-Duchesse Maria Teresa huet un dësem Evenement, zesumme mat fënnef weidere Gäscht mat ganz ënnerschiddleche Liewensweeër, deelgeholl. All Invitée huet op hir Manéier gewisen, datt Fraen d’Méiglechkeet hunn, hiert Schicksal selwer an d’Hand ze huelen. D'Grande-Duchesse Maria Teresa huet mat den 170 presente Schülerinnen hire perséinleche Wee, hir Iwwerzeegungen an déi entscheedend Etappe vun hirem Liewe gedeelt.

Hir Geschicht spigelt sech haut an de ville Projeten an Engagementer erëm, déi si a verschiddene Beräicher ënnerstëtzt, besonnesch fir d’Rechter vun de Fraen, de Kampf géint Gewalt u Fraen, d’Bildung, sou wéi och hiren Asaz géint d'Aarmut an d'Prekaritéit.

table_ronde_epmc-01.jpg

© Maison du Grand-Duc

table_ronde_epmc-54.jpg

© Maison du Grand-Duc

table_ronde_epmc-51.jpg

© Maison du Grand-Duc

Um Enn vun dëser Table ronde huet d'Grande-Duchesse Maria Teresa gesot, datt si sech wënscht, datt déi verschidde Gespréicher eng Inspiratiounsquell fir dës jonk Frae sinn.
table_ronde_epmc-16.jpg

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc