Direkt op den Haaptinhalt

10.03.2026

Iwwerreechung vun den Auszeechnunge vun der Fondation Mérite Jeunesse 2026

Um Dënschdeg huet de Grand-Duc, begleet vum Prënz Guillaume de Luxembourg an dem Prënz Paul-Louis de Nassau, un der traditioneller Iwwerreechung vun den Auszeechnunge vun der Fondation Mérite Jeunesse deelgeholl, bei där och d'Ministesch Martine Deprez present war.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Zënter 1993, ënnert der Presidence vum Prënz Guillaume de Luxembourg, encouragéiert a valoriséiert d'Fondation Mérite Jeunesse den ausserschouleschen Engagement vu Jonken am Alter tëscht 14 a 25 Joer, sief et am Sport, duerch d'Entwécklung vu perséinlechen Talenter, de Benevolat oder duerch hir Participatioun un Expeditiounen.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Dëst Joer goufen 335 Laureaten ausgezeechent, déi fir hir Initiative vum Public an hire Famille mat groussem Applaus gewierdegt goufen.