Kondolenzmessage | Seng Majestéit de Kinnek Harald vun Norwegen

28.08.2026

Kondolenzmessage | Seng Majestéit de Kinnek Harald vun Norwegen

De Grand-Duc huet dem Ierfprënz Haakon an der Kinnigin Sonja wéinst dem Doud vum Kinnek Harald V vun Norwege kondoléiert deen am Alter vun 89 Joer zu Oslo verstuerwen ass. Hie war zënter dem 17. Januar 1991 Kinnek vun Norwegen.

Den Doud vu Senger Majestéit dem Kinnek Harald V vun Norwegen erfëllt d’Grande-Duchesse a mech mat déiwer Trauer. 

Säin Alter an déi grouss Verantwortung, déi hie wärend senge 35 Joer um Troun gedroen huet, schénge keen Afloss op seng aussergewéinlech Kraaft, säi Wëllen a seng Ausdauer gehat ze hunn, déi hie säi ganzt Liewe begleet hunn. Als Weltmeeschter (1987) a spéider Europameeschter (2005) am Seegelen huet hien och un dräi Olympesche Spiller deelgeholl (Tokyo 1964, Mexiko 1968 a München 1972) an ass nach 2022, am Alter vu 85 Joer, bei enger internationaler Regatta ugetrueden.

Bis zu sengem leschten Dag ass hie senger Devise trei bliwwen: „Alles fir Norwegen“. An dësen usprochsvollen Zäite fir déi international Bezéiungen huet hien och weiderhin seng grouss Erfarung am Beräich vun de multilaterale Relatiounen an den Déngscht vum Fridden a vun der internationaler Gemeinschaft gestallt, besonnesch duerch säin Asaz am Kader vun der Iwwerreechung vum Friddensnobelpräis.

D‘Lëtzebuerger Vollek, d'Grande-Duchesse an ech, zesumme mam Grand-Duc Henri an der 
Grande-Duchesse Maria Teresa, drécken Iech, Ärer Famill an allen Norwegerinnen a Norweger eist déifst a ganz häerzlecht Bäileed aus.

Guillaume