Direkt op den Haaptinhalt

28.10.2025

Ouverture vun der Konferenz « GICHD Innovation Conference 2025 »

Vum 28. bis den 30. Oktober ass zu Lëtzebuerg d'Konferenz 2025 « Centre international de déminage humanitaire de Genève » (GICHD), déi 1998 gegrënnt gouf.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

En Dënschden e Moie war de Grand-Duc an der LuxExpo op der Ouverture vun dësem Event, zesumme mam Schwäizer Ambassadeur an Direkter vum GICHD, Tobias Privitelli, mam Minister Xavier Bettel an dem Prënz Mired bin Ra'ad bin Zeid Al-Hussein vu Jordanien.

Dräi Deeg laang ass dat fachlecht Wësse vun den internationale Participante gefrot, fir zesummen innovativ Léisungen auszeschaffen, fir d'Vernichtung vun Antipersouneminnen an dësen hir Konsequenzen. All Joer fuerderen dës Minnen Dausende vun zivillen Affer.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue