15.01.2026
Presentatioun vun den offizielle Portraite vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse
#Trounwiessel | Bei Geleeënheet vum Trounwiessel a geméiss der Traditioun sinn eng Serie vun offizielle Portraiten an e bronze Büst vum Grand-Duc realiséiert ginn. Bei dësen Ensembel koum nach e Portrait vun der Grande-Duchesse dobäi.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Dës Konschtwierker gi vum 16. Januar bis den 1. Februar am Nationalmusée um Fëschmaart gewisen, am Kader vun enger Ausstellung, di fräi zougänglech ass, an di vun der Maison du Grand-Duc, an Zesummenaarbecht mam Nationalmusée a mat der Ënnerstëtzung vun der Chamber an dem Kulturministère organiséiert gëtt.
Di verschidde Konschtwierker goufe vum Moler Roland Schauls, de Portraitiste Louise Pragnell an Andrew Gow, an dem Sculpteur Serge Ecker realiséiert.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
