31.01.2026
Roud Kräiz : Zeremonie zu Éiere vu verdéngschtvolle Bluttspender
Fir hiren éischten Engagement als Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz huet d’Grande-Duchesse Stéphanie dëse Samsdeg zu Dikrech 175 Medailen u verdéngschtvoll Bluttspender iwwerreecht, als Unerkennung fir hir Generositéit an hir Ausdauer.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
A Presenz vun der Ministesch Martine Deprez, dem Generaldirekter vum Roude Kräiz Michel Simonis an dem Dikrecher Buergermeeschter Charles Weiler huet d’Zeremonie drun erënnert, datt Bluttspenden en einfache, mee liewenswichtege Gest ass duerch deen all Dag Liewe gerett ginn.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
D’Zeremonie huet och ënnerstrach wéi wichteg et ass fir reegelméisseg Blutt ze spenden, fir esou genuch Reserven ze hunn a fir Engpäss ze meeschteren.
