02.12.2025
Soirée « Friendship Luxembourg »
D'ASBL « Friendship Luxembourg » huet um Dënschdegowend an de Raimlechkeete vun der Banque de Luxembourg hir alljäreg Soirée organiséiert bei där d'Grande-Duchesse an de Minister Serge Wilmes dobäi waren.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
D'Organisatioun ënnerstëtzt am Bangladesch eng ganz Rei Projete vun der ONG « Friendship » di 2006 vun der sozialer Entreprener, der Madamm Runa Khan, gegrënnt gouf di och selwer op der Soirée present war.
Am Laf vum Owend goufe lokal Initiative fir d'Bekämpfe vum Klimawandel virgestallt. D'Erhale vun de Mangroven am Golf vu Bengal, deen 2018 vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt gouf, ass haut dat bekanntst Beispill dofir. Dëse gemeinschaftlechen an integrative Projet ass dëst Joer mam renomméierten Ëmweltpräis "Earthshot Prize" ausgezeechent ginn.
Zanter bal 20 Joer ënnerstëtzt Lëtzebuerg d'Associatioun « Friendship Luxembourg ».
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
