28.01.2026
Vereedegung vun der Madamm Françoise Jaminet, nei Direktesch bei der Maison du Grand-Duc
E Mëttwoch huet de Grand-Duc d'Madamm Françoise Jaminet vereedegt, déi als Direktesch fir Personal a Finanze vun der Maison du Grand-Duc nominéiert gouf. Domadder gëtt si Member vum Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc, déen vun der Maréchale de la Cour Sasha Baillie présidéiert gëtt.
No der Zeremonie huet de Staatschef d'Madamm Jaminet fir hir nei Funktioune felicitéiert.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












