Visitt vum Grand-Duc am Siège vun der NATO

25.03.2026

Dem Grand-Duc seng Visitt bei Institutiounen zu Bréissel ass e Mëttwoch am Siège vun der NATO weidergaangen.

20260325_visit-gd-lu_0032.jpg

© NATO

De Staatschef an de Minister Xavier Bettel hunn sech mam NATO-Generalsekretär Mark Rutte iwwer déi wichtegst Erausfuerderungen am Kader vun der internationaler Sécherheet ënnerhalen, ier si d'Raimlechkeete gewise kruten.

Fir den Ofschloss hunn de Grand-Duc an de Minister déi Lëtzebuerger begéint, déi um Sëtz vun der NATO schaffen. Hien huet hiren Engagement am Déngscht vu Lëtzebuerg a vun der kollektiver Sécherheet ervirgehuewen.

20260325_visit-gd-lu_0002.jpg

© NATO

20260325_visit-gd-lu_0055.jpg

© NATO