03.12.2025
Wëssenschaftsdag "Vulnerabilitéiten, Dignitéit a Resilienzen"
Um Mëttwoch huet d'Uni Lëtzebuerg fir di éischt Kéier eng Konferenz iwwer di sozial, medezinesch a psychologesch Vulnerabilitéiten zu Lëtzebuerg organiséiert.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
D'Grande-Duchesse, zesumme mat der Ministesch Stéphanie Obertin an dem Rektor Jens Kreisel, hunn dorunner deelgeholl. Bei den Echange wärend der Konferenz goung et, aus enger multidisziplinärer Approche eraus, em schwiereg Theme wéi Krankheet, d'Enn vum Liewen, d'Prekaritéit oder och nach em d’Al ginn.
Bei dësem Evenement um Campus Belval waren Experten aus verschidden Disziplinne grad ewéi och direkt betraffe Leit dobäi. Dat huet en oppenen Dialog a kollektiv Iwwerleeunge fir eng méi inklusiv Gesellschaft erméiglecht.
Aktivitéiten | D’Grande-Duchesse
Zougangsastellungen
Sichen











