Actualité
Presentatioun vun den neie Suitte vun der zukünfteger groussherzoglecher Koppel
En Vue vum Trounwiessel, huet d’Maison du Grand-Duc d’Éier déi nei Suitte vum zukünftege Grand-Duc Guillaume an der zukünfteger Grande-Duchesse Stéphanie virzestellen.
D’Roll vun den Dames d’honneur an de Chambellanen ass am Fong benevole a repräsentativ. Si besteet doran, de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse bei offiziellen Aktivitéiten a Receptiounen ze begleeden, dorënner fale Staatsvisitten an d’Festivitéiten am Kader vun Nationalfeierdag. D’Suitte ginn awer och gefrot, de Grand-Duc op verschidden Evenementer ze vertrieden. Donieft kënne si vun der groussherzoglecher Koppel zu hirem Wëssen an hiren Erfahrungen, déi si an deem Secteur hunn, an deem si aktiv sinn, konsultéiert ginn.
Weider Nominatioune wäerten an den nächste Méint nokommen.

Colonel Henri Chrisnach
Fréieren Aide-de-Camp vun der Maison grand-ducale

Monsieur Antoine Clasen
Generaldirekter bei Caves Bernard-Massard

Madame Stéphanie Damgé
Directrice Entrepreneuriat vun der Chambre de Commerce

Monsieur Raoul Schaaf
President vum CA vun der CNDS (Comité National de Défense Sociale)