Actualité
Trounwiessel | Den Troun
Den 3. Oktober wäert den zukünftege Grand-Duc Guillaume an der Chamber säin Eed ofleeën. Bei dëser Zeremonie huet den Troun eng symbolesch Bedeitung am Kader vun dësem institutionellen Akt.

Dës gewielte Fotell gehéiert zu enger Serie, déi fir de grousse Rittersall vum ale Schlass Bierg bestallt gouf, dat an de Mëtt 1850er Joren am neogotesche Stil gebaut gouf. Virum Grand-Duc Guillaume gouf dës Fotell vun der Grande-Duchesse Charlotte bei wichtege Momenter vun hirem Règne benotzt an och vum Grand-Duc Jean beim Ofleeë vu sengem Eed den 12. November 1964.
Fir dësen historesche Moment gouf den Troun restauréiert a mam Monogramm vum zukünftege Grand-Duc Guillaume gebrannt.

