Direkt op den Haaptinhalt

03.10.2025

Trounwiessel | Gala-Dinner

Dësen historeschen Dag fir d’Land ass mat engem Gala-Dinner am Groussherzogleche Palais op en Enn gaangen. De Bundespräsident Frank-Walter Steinmeier a seng Fra, souwéi de franséische President Emmanuel Macron a seng Fra, hunn sech der belscher an hollännescher Kinnekskoppel ugeschloss, déi schonn de Moien un den offiziellen Zeremonien deelgeholl haten.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey

Lëtzebuerg, verbonne mat sengen Nopeschlänner a Benelux-Partneren: Dat si gedeelten Erfarungen, déi aus enger geographescher Proximitéit  entstane sinn, mee och aus der déif verankerter Iwwerzeegung un e gemeinsaamt Schicksal.

An senger Ried sot den neie Grand-Duc:

Haut den Owend, an der Präsenz vun eise Partneren a Frënn, bestätege mir eis Loyalitéit géintiwwer deene Prinzippien, déi eis verbannen. Well nëmme wa mir eiser Geschicht, eise Wäerter an eiser gemeinsamer Verantwortung trei bleiwen, kënne mir een Europa opbauen, dat bereet ass, d’Erausfuerderunge vu muer unzegoen.
De Grand-Duc

De Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey