Actualité

Virowend vun Nationalfeierdag 2024 - Esch-Uelzecht

Wärenddeem de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse zu Kielen op Besuch waren, huet déi Ierfgroussherzoglech Koppel – begleet vum Buergermeeschter Christian Weis an de Ministere Georges Mischo (fréieren Escher Buergermeeschter) a Martine Deprez un de Festivitéiten deel geholl.

© SIP / Emmanuel Claude

No der Zeremonie beim „Monument aux Morts“ stoung den Defilé vun enge véierzeg Escher Associatiounen um Programm. Duerno war déi Ierfgroussherzoglech Koppel op eng Receptioun am Stadhaus invitéiert, ier si de Public begréisst hunn.

© SIP / Emmanuel Claude

De Besuch ass mam traditionellen „Escher Volleksfest“ weidergaangen a goung mam Ufänke vun de Lëtzebuerger Scouten hirem Lagerfeier op en Enn.

© SIP / Emmanuel Claude