Actualité
Fête nationale 2025 - Cérémonie officielle
La Famille grand-ducale a participé, ce lundi à la Philharmonie, à la cérémonie officielle de la Fête nationale organisée, cette année, sur le thème des 25 ans de règne.
À cette occasion, le Président de la Chambre des Députés, Claude Wiseler et le Premier Ministre, Luc Frieden ont rendu hommage au Grand-Duc pendant leurs allocutions.

L’hommage s’est poursuivi par la projection du film « Histoire d’un règne : 25 ans au service du Luxembourg ». À l’issue de la projection, le Couple grand-ducal a été longuement ovationné.
Non sans émotion, le Chef de l’État a pris place derrière le pupitre pour prononcer son dernier discours de la Fête nationale.

Discours en luxembourgeois
Här Chamberpresident,
Här Premier Minister,
Léif Éieregäscht,
Léif Matbierger,
Dësen Nationalfeierdag ass fir mech e Moment vu grousser Emotioun an Dankbarkeet.
25 Joer sinn et hier, datt ech mäin Eed virun Iech geleescht hunn. Deemools wéi haut, gedroen duerch de Wëllen, mech mat Loyautéit, Respekt an Devouement an den Déngscht vum Land ze stellen.
An all deene Jore war ech ni eleng. U menger Säit stoung meng Fra, d‘Grande-Duchesse, déi mech mat hirer Léift, hirem Engagement an hirer Sensibilitéit begleet huet.
Mat hiren Aktivitéiten zugonschte vun deene Vulnerabelsten, hirer Ënnerstëtzung vu Fraen a Meedercher an hirem Asaz fir humanitär Zwecker, huet si d‘Wäerter vu Solidaritéit a Mënschlechkeet gelieft, déi de Kär si vun eiser nationaler Identitéit.
Zesummen hu mir vill schéi Momenter erlieft, mir hunn eis och den Erausfuerderunge gestallt, mir hunn Är Hoffnungen wéi Är Suerge gedeelt.
Ëmmer erëm hu mir aus Ärem Vertrauen an Ärer Ennerstetzung nei Kraaft gezunn, fir eis Missioun ze erfellen.
Léif Matbierger,
Dat Lëtzebuerg vun haut ass e modernt, dynamescht a weltoppent Land, dat gläichzäiteg senge Wuerzelen a senge Wäerter trei bleift.
Dës Harmonie tëscht Traditioun an Innovatioun hu mir alleguer zesummen opgebaut a mir wäerten se och zesumme weiderliewen.
An deene 25 Joer huet eist Land sech neien Erausfuerderunge misse stellen. Mir hunn d’Finanzkris, d’Pandemie an den internationalen Ëmschwong gemeeschtert.
Dat war nëmme méiglech, well mir ëmmer solidaresch an zukunftsorientéiert zesumme gestanen hunn. A well mir Regierungen haten déi wäitsichteg an zugläich buedemstänneg eist Land gefouert hunn.
Eis Wirtschaft huet sech iwwer d’Stoolindustrie an de Finanzsecteur eraus diversifizéiert, mir hunn eng Uni gegrënnt a konsequent an d‘Fuerschung investéiert, a mir hunn de Courage an d’Visioun gehat fir a Weltraumtechnologien, Datentechnologien a Supercomputeren ze investéieren.
Eis Landwirtschaft huet sech och mat der lokaler Produktioun vu qualitativ héichwäertege Liewensmëttel weider entweckelt.
D'Protektioun vun der Ëmwelt ass essentiel fir eist Wuelbefannen an eis Liewensqualitéit ze erhalen. Dofir ass d‘Gläichgewiicht tëscht Wirtschaft an Ökologie vu kapitaler Bedeitung.
A gläichzäiteg hu mir eis déi néideg Mëttele ginn, fir d’Kultur ze fërderen an hire Stellewäert an der Gesellschaft ze stäerken an och déif ze verankeren.
Mir hunn eis Roll op der europäescher an der globaler Bün gestäerkt, an eng kloer Sprooch geschwat fir de Fridden, d’Kooperatioun an d’international Gerechtegkeet.
Mir si virukomm an eisem Beméie fir méi Gläichheet, méi Inklusioun a méi Respekt ee vis à vis vun deem Aneren, andeems mir méi eng solidaresch Gesellschaft opgebaut hunn.
Léif Leit alleguer,
Dësen Nationalfeierdag beweegt mech ganz besonnesch, well et dee leschten ass, deen ech matt Iech als Staatschef feieren.
Den 3. Oktober wäert ech no guddem Iwwerleeën, zugonschte vu mengem Fils, dem Prënz Guillaume, ofdanken.
Eise Guillaume huet am Laf vun de Joren säin Asaz, säi Wëssen a seng déif Verbonnenheet mat eisem Land bewisen. Hien ass prett an hien ass frou dës grouss Verantwortung fir d’Land unzehuelen. U senger Säit huet hien d‘Prinzessin Stéphanie, déi sech mat Iwwerzeegung a mat vill Häerz fir hier Aufgaben asetzt.
Ech sinn extrem dankbar a frou, datt si sech, Hand an Hand, mat vill Sympathie, Léift a groussem Asaz an den Déngscht vu Lëtzebuerg stellen. Ech sinn iwwerzeegt datt si sech Ärem Vertrauen an Ärer Hoffnung würdeg erweisen.
Haut soen ech Iech, zesumme mat der Grande-Duchesse, vu ganzem Häerze Merci:
- Merci fir Äert Vertrauen,
- Merci fir Är Ennerstetzung,
- Merci och fir déi vill Begéinungen, den éierlechen Austausch an déi gemeinsam Momenter.
All dat huet meng Missioun a mäi Liewen enorm beräichert.
Der Jugend an eisem Land géif ech gäre mäi grousst Vertrauen ausdrécken: Dir sidd d‘Energie, d‘Kraaft an d‘Hoffnung vu muer.
Mat Ärer Kreativitéit, Ärem Sënn fir Responsabilitéit an Ärer Weltoppenheet wäert dir d‘Land ëmmer méi wäit virubréngen.
Léif Leit alleguer,
Ech wäert bis de leschten Dag vu mengem Règne meng Flicht erfëllen, mat Iwwerzeegung, Devouement an Engagement.
Jo, den 3. Oktober danken ech of.
Awer fir de Rescht vu mengem Liewe wäert ech zudéifst verbonne bleiwen mat eiser Heemecht. Ech wäert mech weider all
Dag dorunner interesséieren ewéi eist Land virukënnt, an ech wäert mech doriwwer freeën, ze gesinn ewéi eist Land sech weider entwéckelt am Fridden an an der Prosperitéit, zu Gonschten vun eis alleguer.
D‘Léift zu eiser Heemecht droen ech a mir bis un d‘Enn vu mengem Liewen.
Ech wënschen eis all e schéinen Nationalfeierdag.
Vive Lëtzebuerg!
Vive Europa!
Discours traduit en français
Monsieur le Président de la Chambre des Députés,
Monsieur le Premier ministre,
Chers invités d’honneur,
Mes chers concitoyens,
Aujourd’hui, en cette Fête Nationale, mon coeur est rempli d’émotion et de profonde gratitude.
Vingt-cinq ans se sont écoulés depuis que j’ai prêté serment devant vous, porté par la volonté sincère de servir notre pays, avec loyauté, respect et dévouement.
Durant toutes ces années, je n’ai jamais marché seul. A mes côtés, à chaque instant, ma chère épouse la Grande-Duchesse s’est également dévouée avec amour, et sensibilité.
A travers ses actions en faveur des plus vulnérables, son soutien aux femmes et aux jeunes filles, aux causes humanitaires, elle a incarné les valeurs de solidarité et d’humanité qui sont au coeur de notre identité nationale.
Ensemble, nous avons connu de grandes joies, relevé des défis, partagé vos espoirs, vos préoccupations.
A chaque instant, nous avons puisé dans votre confiance et votre amitié une force renouvelée pour poursuivre notre mission.
Chers concitoyens,
Le Luxembourg d’aujourd’hui est un pays moderne, dynamique, ouvert au monde et en même temps fidèle à ses racines.
Cette harmonie entre tradition et innovation, c’est ensemble que nous l’avons bâtie et c’est ensemble que nous continuerons à la faire vivre.
Au cours de ces 25 années, notre pays a fait face à de nouveaux défis. Nous avons surmonté la crise financière, la pandémie, les bouleversements internationaux.
Cela n'a été possible qu’en restant toujours unis, solidaires et tournés vers l’avenir. Et ce fut aussi grâce à nos gouvernements qui ont dirigé notre pays avec clairvoyance et conviction.
Notre économie s'est diversifiée au-delà de l'industrie sidérurgique et du secteur financier. Nous avons fondé une université et investi systématiquement dans la recherche. Aussi avons-nous eu le courage et la vision d'investir dans la technologie spatiale, la technologie de données et les superordinateurs.
Notre agriculture a également continué de se développer grâce à la production locale d'aliments de qualité.
La protection de l'environnement est essentielle à notre bien-être et au maintien de notre qualité de vie. C'est pourquoi l'équilibre entre économie et écologie est primordial.
Dans le même temps, nous nous sommes donné les moyens nécessaires pour promouvoir la culture, la renforcer et ancrer davantage sa place dans la société.
Nous avons renforcé notre rôle sur la scène européenne et mondiale, portant une voix claire pour la paix, la coopération et la justice à l’international.
Nous avons avancé vers plus d’égalité, plus d’inclusion, plus de respect pour la diversité, en bâtissant une société plus solidaire.
Chers tous,
Cette Fête Nationale est pour moi particulièrement émouvante, car elle est la dernière que je célèbre en tant que Chef de l’Etat. Le 3 octobre prochain, après mûre réflexion, j’abdiquerai en faveur de mon fils le Prince Guillaume.
Guillaume a, au fil des années, démontré son engagement, sa sagesse, et son profond attachement à notre pays. A ses côtés, la Princesse Stéphanie s’investit avec conviction et générosité dans les causes qui lui ont été confiées.
Leur complémentarité, leur bienveillance et leur sens du devoir seront les piliers d’une nouvelle génération au service du Grand-Duché. Je sais qu’ils seront dignes de votre confiance et de vos espérances.
Aujourd’hui, je souhaite, ensemble avec la Grande-Duchesse, vous exprimer de tout mon coeur ma gratitude :
- Merci pour votre confiance,
- Merci pour votre soutien,
- Merci pour ces innombrables rencontres, les échanges sincères, les instants partagés.
Tout cela a nourri ma mission et enrichi ma vie.
A la jeunesse du Luxembourg, je veux dire toute ma confiance : vous êtes l’énergie, la force et la promesse de demain. Avec votre créativité, votre sens des responsabilités, votre ouverture sur le monde, vous porterez notre pays toujours plus haut.
Chers tous,
Je continuerai, jusqu’au dernier jour de mon règne, à remplir mon devoir avec foi, dévouement et engagement.
Oui, le 3 octobre, j’abdiquerai.
Au-delà, je resterai, toute ma vie, animé par le même attachement profond pour notre patrie, attentif à son destin, heureux de voir l’avenir se construire dans la paix et la prospérité dans l’intérêt de nous tous.
Mon immense affection pour notre pays vivra en moi, aussi longtemps que durera ma vie.
Bonne Fête Nationale à tous.
Vive le Luxembourg,
Vive l’Europe !