De Staatschef

Den Nationalfeierdag

Den 23. Juni gëtt zu Lëtzebuerg de Gebuertsdag vum Grand-Duc gefeiert. Dëse Festdag ass Ausdrock vun der Freed vun engem ganze Vollek. E besteet aus enger Mëschung vun Evenementer mat traditionelle Bräich: Militärparad, Te Deum, Fakelzuch a Freedefeier. Op dëser Säit fannt Dir d'Geschicht vum Nationalfeierdag.

Feu d'artifice sur le pont Adolphe
© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Déi groussherzoglech Famill beim Freedefeier, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt

Obschonn den Nationalfeierdag hautdesdaags op den 23. Juni festgeluecht ass, war dat net ëmmer de Fall. Zanter dem 18. Joerhonnert gëtt de Gebuertsdag vum Herrscher gefeiert, an dës Traditioun gouf och no der Erhiewung vu Lëtzebuerg zu engem souveräne Staat am Joer 1815 bäibehalen. Den Dag vun de Feierlechkeeten huet awer am Laf vun de Joren ëmmer nees geännert:

  • Vun 1816 un hunn d'Lëtzebuerger de Joresdag vun der Gebuert vum Roi-Grand-Duc Guillaume I. de 24. Abrëll gefeiert.
  • Ënner dem Guillaume II. war Nationalfeierdag de 6. Dezember.
  • Ënner dem Guillaume III. gouf den Dag vum Gebuertsdag fir d'éischt op de 17. Juni festgeluecht, dunn awer vun 1860 un op den 19. Februar.
  • Nodeems de Grand-Duc Adolphe am Joer 1890 op den Troun komm war, gouf de Festdag op de 24. Juli geluecht.
  • Ënner dem Guillaume IV. gouf den Nationalfeierdag um 22. Abrëll gefeiert.
  • D'Marie-Adélaïde verleet d'Feierlechkeete vum Joer 1913 un op de 14. Juni.
  • Mat der Grande-Duchesse Charlotte um Troun am Joer 1919, gëtt den 23. Januar zum Dag vun der Gebuertsdagsfeier. Am Joer 1947 gëtt den Dag vun der Feier vum Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse zum Feierdag erkläert.

Den 23. Dezember 1961 gouf per groussherzoglechen Arrêté den Dag vun der Gebuertsdagsfeier op den 23. Juni festgeluecht, een Datum, deen och ënner den nächsten Herrschafte vum Grand-Duc Jean an dem Grand-Duc Henri bäibehale gouf. De Begrëff "Nationalfeierdag" fënnt een net an de Gesetzestexter: e gëtt als "Dag vun der offizieller Feier vum Joresdag vun der Gebuert vum Grand-Duc" beschriwwen. Am Sproochgebrauch vun de Lëtzebuerger ass den Dag als "Groussherzogsgebuertsdag" oder "Nationalfeierdag" bekannt.

Virum Nationalfeierdag sinn eng Rei Receptiounen an Evenementer, bei deenen déi groussherzoglech Famill mam Vollek feiert.

De Grand-Duc verdeelt all Joer Medaile vum Ordre civil et militaire d'Adolphe de Nassau fir Persoune mat besonnesche Verdéngschter.

Receptiounen op Schlass Bierg

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse invitéiere Vertrieder vun der Lëtzebuerger Gesellschaft op zwou grouss Receptiounen an de Park vu Schlass Bierg, fir d'Feierlechkeete ronderëm den Nationalfeierdag unzefänke respektiv ofzeschléissen.

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse - Garden Party © Cour grand-ducale / Sophie Margue
De Prënz Félix - Garden Party am Schlass zu Bierg © Cour grand-ducale / Sophie Margue
D'Prinzessin Alexandra - Garden Party am Schlass zu Bierg © Cour grand-ducale / Lynn Theisen
Garden Party am Schlass zu Bierg © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli
Garden Party am Schlass zu Bierg © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli
 

D'Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag

D'Feierlechkeete fänken um Owend vum 22. Juni un, mat der Visitt vun der groussherzoglecher Koppel an enger Gemeng baussent der Haaptstad. D’ierfgroussherzoglech Koppel geet traditionell an déi zweetgréisste Stad vum Land, op Esch-Uelzecht. Duerno kënnt déi ganz groussherzoglech Famill an d'Stad Lëtzebuerg, fir beim Fakelzuch, dee vun de Veräiner vun der Haaptstad organiséiert gëtt, a beim Freedefeier dobäi ze sinn.

Virowend vun Nationalfeierdag – Déi groussherzoglech Koppel besicht all Joer an eng aner Gemeng vum Land. Am Joer 2019 huet d'Visitt si op Buerschent gefouert © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Virowend vun Nationalfeierdag – Déi groussherzoglech Koppel besicht all Joer eng aner Gemeng vum Land. Am Joer 2019 huet d'Visitt si op Buerschent gefouert

Virowend vun Nationalfeierdag – Déi groussherzoglech Koppel besicht all Joer an eng aner Gemeng vum Land. Am Joer 2019 huet d'Visitt si op Buerschent gefouert © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Virowend vun Nationalfeierdag – Déi groussherzoglech Koppel besicht all Joer an eng aner Gemeng vum Land. Am Joer 2019 huet d'Visitt si op Buerschent gefouert

Virowend vun Nationalfeierdag – d'Ierfgroussherzogin begréisst d'Awunner vun der Gemeng Esch-Uelzecht, der zweetgréisster Stad vum Land © SIP / Jean-Christophe Verhaegen, all Rechter virbehalen
Virowend vun Nationalfeierdag – d'Ierfgroussherzogin begréisst d'Awunner vun der Gemeng Esch-Uelzecht, der zweetgréisster Stad vum Land
Virowend vun Nationalfeierdag – Déi ierfgroussherzoglech Koppel beim Ufänke vum Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten © SIP / Jean-Christophe Verhaegen, all Rechter virbehalen

Virowend vun Nationalfeierdag – Déi ierfgroussherzoglech Koppel beim Ufänke vum Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Fakelzuch – De Cortège defiléiert virun der Éierentribün © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli
Fakelzuch – De Cortège defiléiert virun der Éierentribün
Fakelzuch – De Cortège defiléiert virun der Éierentribün © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli
Fakelzuch – De Cortège defiléiert virun der Éierentribün
Dat traditionellt Freedefeier fir Nationalfeierdag, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli
Dat traditionellt Freedefeier fir Nationalfeierdag, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt
Dat traditionellt Freedefeier fir Nationalfeierdag, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli
Dat traditionellt Freedefeier fir Nationalfeierdag, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt
Dat traditionellt Freedefeier fir Nationalfeierdag, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli
Dat traditionellt Freedefeier fir Nationalfeierdag, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt
 

Nationalfeierdag

Den 23. Juni fänken d'Feierlechkeeten, op Invitatioun vun der Regierung, mat engem Festakt an der Philharmonie un, bei deem de Grand-Duc, de Chamberpresident an de Premierminister, a Presenz vun den Autoritéite vum Land a vun diplomatesche Vertrieder vun den zu Lëtzebuerg akkreditéierte Länner, eng Ried halen. No der traditioneller Militärparad gëtt an der Kathedral den Te Deum ofgehalen.

Déi traditionell Militärparad op Nationalfeierdag, 23. Juni 2019 © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli
Déi traditionell Militärparad op Nationalfeierdag, 23. Juni 2019
Festakt op Nationalfeierdag an der Philharmonie – Déi groussherzoglech Koppel bei der Arrivée um Parvis vun der Philharmonie © Cour grand-ducale / Sophie Margue
Festakt op Nationalfeierdag an der Philharmonie – Déi groussherzoglech Koppel bei der Arrivée um Parvis vun der Philharmonie
Zeremonie op Nationalfeierdag an der Philharmonie Lëtzebuerg – Déi ierfgroussherzoglech Koppel © Cour grand-ducale / Sophie Margue
Zeremonie op Nationalfeierdag an der Philharmonie Lëtzebuerg – Déi ierfgroussherzoglech Koppel
Festakt op Nationalfeierdag an der Philharmonie Lëtzebuerg– de Prënz Louis an de Prënz Félix © Cour grand-ducale / Sophie Margue
Festakt op Nationalfeierdag an der Philharmonie Lëtzebuerg– de Prënz Louis an de Prënz Félix
Festakt op Nationalfeierdag an der Philharmonie Lëtzebuerg– de Prënz Sébastien an d'Prinzessin Alexandra © Cour grand-ducale / Sophie Margue
Festakt op Nationalfeierdag an der Philharmonie Lëtzebuerg– de Prënz Sébastien an d'Prinzessin Alexandra
De Grand-Duc hält seng traditionell Ried um Nationalfeierdag © Cour grand-ducale / Sophie Margue
De Grand-Duc hält seng traditionell Ried um Nationalfeierdag
Déi groussherzoglech Famill beim feierlechen Te Deum an der Kathedral vu Lëtzebuerg © Cour grand-ducale / Sophie Margue
Déi groussherzoglech Famill beim feierlechen Te Deum an der Kathedral vu Lëtzebuerg, dëst a Presenz vun den zivillen a militäreschen Autoritéiten an Ambassadeuren
 

D'Nationalhymn

Wärend de Lëtzebuerger Wopen an de Fändel schonn zanter 1972 gesetzlech geschützt waren, war d'Nationalhymn vum Grand-Duché nach net gesetzlech definéiert. Am Joer 1993 huet d'Regierung decidéiert, de rechtleche Status vun den nationale Symboler festzeleeën an ze bestätegen, fir se esou virum onerlaabtem Gebrauch ze schützen.

Wat d’Nationalhymn ugeet, sou gouf d'Gesetz vum 23. Juni 1972 geännert an den Text an d’Melodie goufen an der Annex definéiert (Gesetz vum 27. Juli 1993): zanterhier sinn déi éischt an déi lescht Stroph vum Lidd "Ons Heemecht" vun 1859, mam Text vum Michel Lentz a vertount vum Jean-Antoine Zinnen, als Lëtzebuerger Nationalhymn festgeluecht.

D'Lëtzebuerger Hymn ass wäit ewech vun engem Krichslidd, wéi d'"Marseillaise". Si gouf 1864 bei engem Festakt zu Ettelbréck fir d'éischte Kéier ëffentlech opgefouert an ass e liewegen Appell fir de Fridden.

Lauschteren

D'Nationalhymn "Ons Heemecht"

Fir den MP3-Fichier erofzelueden, klickt op déi riets Maustast an dann op "Enregistrer le lien sous…".

ONS HEEMECHT

Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit,
Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht.
Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit,
Den Himmel Wäin ons mécht.
Dat ass onst Land, fir dat mir géif,
Heinidden alles won.
Ons Heemechtsland, dat mir sou déif
An onsen Hierzer dron.

O Du do uewen, deem seng Hand
Duerch d’Welt d’Natioune leet.
Behitt Du d’Lëtzebuerger Land
Vru friemem Joch a Leed!
Du hues ons all als Kanner schonn
de fräie Geescht jo ginn.
Looss viru blénken d’Fräiheetssonn
déi mir sou laang gesinn.

Text : Michel Lentz
Musik : J.A. Zinnen