Déi offiziell Fournisseure vum groussherzoglechen Haff

Eng Auswiel un Exzellenz

Den Titel "Fournisseur de la Cour" ass Ausdrock vum Vertrauen, dat de Grand-Duc de Lëtzebuerger Firmen entgéintbréngt, déi sech duerch d'Exzellenz vun hire Leeschtungen ervirdinn.

Op dëser Säit fannt Dir déi offiziell Lëscht vun de "Fournisseurs de la Cour", den Ursprong vum Brevet gradewéi Informatiounen doriwwer, wéi Dir den Titel kënnt ufroen, wéi e verdeelt gëtt a wéi e ka genotzt ginn.

  • Atelier de reliure Danielle Willems S.à r.l.

    Liwwerant zanter 2022

  • Boucherie-Salaisons Marco Meyer, S.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2020

  • Brainplug S.à r.l.

    Liwwerant zanter 2022

  • Brasserie Nationale S.A

    Liwwerant zanter 2019

  • Brasserie Simon s.e.c .s.

    Liwwerant zanter 1955

  • Caterman S.A. (De Schnékert Traiteur)

    Liwwerant zanter 2001

  • Caves Bernard-Massard S.A

    Liwwerant zanter 1931

  • Confiserie Namur

    Liwwerant zanter 1904

  • Cottyn-Kieffer s.à.r.l

    Liwwerant zanter 2013

  • Domaine Alice Hartmann S.A.

    Liwwerant zanter 2011

  • Domaine Claude Bentz s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2001

  • Domaines Viticole Aly Duhr

    Liwwerant zanter 2013

  • Ed Meyers et C.i.e. S.à r.l. (meyPro)

    Liwwerant zanter 2022

  • Effets d'Optique S.à r.l.

    Liwwerant zanter 2022

  • EHTL (École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg)

    Liwwerant zanter 2023

  • Épicerie Thym & Citron

    Liwwerant zanter 2021

  • Eric et Laurent Luxembourg

    Liwwerant zanter 2019

  • Ernster S.à r.l.

    Liwwerant zanter 2021

  • Eva Ferranti

    Liwwerant zanter 2023

  • Fleurs Kill

    Liwwerant zanter 1985

  • Goedert Serge S.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2020

  • Horlogerie-Bijouterie Jacques Molitor

    Liwwerant zanter 1967

  • Institut de Beauté Annette Weber-Krier

    Liwwerant zanter 2001

  • Isogreen s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2011

  • Josy Juckem-Jucalux s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2002

  • Kaempff-Kohler s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2015

  • Käerzefabrick Peters s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2019

  • Kuhn Construction S.A.

    Liwwerant zanter 1983

  • La Luxembourgeoise du Chocolat S.à r.l. (Genaveh)

    Liwwerant zanter 2022

  • La Provençale s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 1970

  • Lanners Confection S.à. r.l.

    Liwwerant zanter 2021

  • Leonard Sœurs s.à.r.l

    Liwwerant zanter 1953

  • Les Domaines de Vinsmoselle

    Liwwerant zanter 2002

  • Losch Luxembourg S.à r.l.

    Liwwerant zanter 2021

  • Luxaviation Management Company S.A.

    Liwwerant zanter 2020

  • Luxcro et Cie s.e.c.s « Schroeder Joailliers »

    Liwwerant zanter 1914

  • Luxlait, association agricole

    Liwwerant zanter 2002

  • Maâ-Oui

    Liwwerant zanter 2020

  • Marcel Grosbusch & Fils s.à r.l (Grosbusch s.à r.l)

    Liwwerant zanter 2015

  • Maroquinerie du Passage

    Liwwerant zanter 2001

  • Maroquinerie Keller s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2001

  • Menuiserie Dohm S.à r.l.

    Liwwerant zanter 2021

  • Moutarderie de Luxembourg

    Liwwerant zanter 2023

  • Muller & Wegener S.à r.l.

    Liwwerant zanter 2021

  • Multi Clean-Services (Prestige) s.à.r.l

    Liwwerant zanter 2004

  • Oberweis S.A.

    Liwwerant zanter 1999

  • Optilor s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2011

  • Paris 8 S.A.

    Liwwerant zanter 2014

  • Post Group

    Liwwerant zanter 2001

  • Reka Print

    Liwwerant zanter 2023

  • SA Museal Editions

    Liwwerant zanter 2013

  • Société Luxembourgeoise de Peinture et Fils S.à r.l.

    Liwwerant zanter 2021

  • Soclair Equipements S.A.

    Liwwerant zanter 1932

  • Sophie Margue Photography

    Liwwerant zanter 2023

  • Sources Rosport S.A.

    Liwwerant zanter 2001

  • Steffen Traiteur S.à r.l.

    Liwwerant zanter 2021

  • Stoll Safety s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2020

  • Stoll, Maître-Matelassier s.à.r.l

    Liwwerant zanter 1988

  • Tapis Hertz s.à.r.l et Cie s.e.c.s

    Liwwerant zanter 2001

  • Villeroy & Boch s.à.r.l

    Liwwerant zanter 1981

  • Voyages Emile Weber s.à.r.l.

    Liwwerant zanter 2012

Iwwer den Titel "Fournisseur de la Cour"

Den Titel "Fournisseur de la Cour" soll Betriber ervirhiewen, déi dem groussherzoglechen Haff eng exzellent Déngschtleeschtung bidden.

Den Titel "Fournisseur de la Cour" gëtt op Demande nëmmen u Firmen oder Betriber verginn, déi de groussherzoglechen Haff iwwer en Zäitraum vu minimum 5 Joer reegelméisseg mat Wueren an enger bestëmmter Gréisstenuerdnung beliwwert hunn.

Bei der Préiwung vun der Demande bewäert de groussherzoglechen Haff nieft der Qualitéit vun de Liwwerungen a Leeschtungen ënner anerem och de Ruff, de gudden Numm a ganz allgemeng d'Politik vum Betrib betreffend d'Fërderung vun der nohalteger Entwécklung.

D'Demande, fir de Brevet ze kréien, gëtt vun enger Bewäertungskommissioun gepréift. Dës Kommissioun bewäert reegelméisseg d'Leeschtunge vun de Betriber, déi de Statut hunn, a préift och d'Demanden op Verlängerung. De Brevet an d'Rechter, déi domat verbonne sinn, si streng perséinlech un d'Firma oder un d'Persoun gebonnen, a kënnen net op eng drëtt Persoun iwwerdroe ginn.

Geschicht

Den Herzogtum Lëtzebuerg gouf als onofhängege Staat gegrënnt an um Wiener Kongress 1815 zum Groussherzogtum erhuewen. Et gouf dunn un de Guillaume vun Oranien-Nassau, Kinnek vun den Nidderlanden, verginn, deen och den Titel vum Grand-Duc vu Lëtzebuerg gedroen huet.

1840 gouf säi Fils Guillaume II. bis zu sengem Doud Grand-Duc. Him verdanke mir eis éischt Verfassung an eng Handelskummer.

1850 gouf de Prënz Hendrik vun den Nidderlanden, de Brudder vum Guillaume III., zum Prënz Lieutenant-Représentant vum Grand-Duché ernannt. Hien hat grousst Intressi um Wuel vu senger Bevëlkerung an huet sech fir hir wirtschaftlech Entwécklung agesat. Well hien e puermol am Joer am Schlass zu Walfer residéiert huet, hat hie reegelméissege Kontakt mat de Fournisseuren am Grand-Duché. Wéi de Grand-Duc Adolphe 1890 op den Troun koum, huet hien eng sëllege vum Prënz Hendrik sengen agesate Fournisseuren offiziell iwwerholl. En neie Brevet gouf vum groussherzoglechen Haff ausgestallt, wouraus de "Fournisseur de la Cour", wéi mir en haut kennen, entstanen ass.

Archive - Fournisseur de la Cour
© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Grand-Duc Adolphe hat séier d'Zoutrauen an de Respekt vum Lëtzebuerger Vollek kritt, andeems hien d'Land mam Haus, un deem senger Spëtzt hie stoung, vereent huet. Zu den eelste genannte Fournisseuren hu vun 1891 de Portraitsmoler Charles Bernhoeft an d'Lampertsbierger Rousegäertnerei Souppert an Notting gehéiert. Am Joer 1895 gouf och d'Keramiksmolerei Zens frères vun Iechternach zum Fournisseur de la Cour ernannt.

Iwwer de Fournisseur de la Cour ënnerstëtzt a belount de groussherzoglechen Haff d'Traditioun an den eenzegaartegen Knowhow vun de Lëtzebuerger Betriber an den Titel "Fournisseur de la Cour" steet fir Exzellenz a Qualitéit. Zanter der Grënnung hu méi wéi 500 Betriber déi Auszeechnung kritt, wat de Wuelstand an de wirtschaftlechen Erfolleg vun engem ganze Land erëmspigelt.

Wéi gëtt ee "Fournisseur de la Cour"?

Wat sinn d'Viraussetzungen, fir den Titel accordéiert ze kréien?

D'Lëscht vun de Fournisseure vum groussherzoglechen Haff ginn all Joer op Nationalfeierdag aktualiséiert.

Wéini kënne mir domadder rechnen, den Titel ze kréien? Wéini gëtt annoncéiert, wien den Titel accordéiert krut?

D'Lëscht vun de Fournisseure vum groussherzoglechen Haff ginn all Joer op Nationalfeierdag aktualiséiert.

Gëtt et eng järlech Cotisatioun?

D'Konditiounen, fir den Titel ze kréien, ginn Iech beim Ausstelle vum Brevet matgedeelt.

Dir sidd Fournisseur de la Cour an Dir hätt gäre Grafikdateie vum Ofzeechen (JPEG, EPS, PNG, etc.)?

Dir kënnt Iech beim Service "Fournisseurs de la Cour" mellen, deen Iech all néideg Ënnerlagen zur Verfügung stellt.

Géift Dir gären op de sozialen Netzwierker bekannt maachen, datt Dir zu de "Fournisseurs de la Cour" gehéiert?

Är Firma däerf mat hirem Statut als "Fournisseur de la Cour" Reklamm maachen, muss awer déi entspriechend visuell Reegele beuechten.

Bei weidere Froe kontaktéiert eis wgl. iwwer de Kontaktformulaire.