21.04.2026
Visitt vun engem Bauerenhaff zesumme mat der Landwirtschaftskammer
Um Dënschdeg hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, begleet vun der Ministesch Martine Hansen a Vertrieder vun der Landwirtschaftskammer, de Bauerenhaff Hueselt zu Bartreng besicht.
© Chambre d'Agriculture / Sophie Margue
© Chambre d'Agriculture / Sophie Margue
© Chambre d'Agriculture / Sophie Margue
© Chambre d'Agriculture / Sophie Margue
Si goufen do vum Nora a vum Charel empfaangen a kruten en Abléck an d'Rannerzuucht, enger Aarbecht dee genee esou spannend wéi usprochsvoll ass. De Besuch war awer och d'Geleeënheet, fir sech iwwer d'Erausfuerderungen an d'Perspektive vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft auszetauschen. Mat knapp 1.800 Betriber an op enger Surface, déi bal d'Hallschent vum Territoire vum Grand-Duché ausmécht, spillt d'Landwirtschaft eng wesentlech Roll an entwéckelt sech konstant a méi eng nohalteg an innovativ Richtung.
D'Visitt vun der Groussherzoglecher Koppel ass mat engem Besuch vun engem klenge Maart op en Enn gaangen, op deem regional, qualitativ héichwäerteg Produkter am Mëttelpunkt stinn, op déi di lokal Produzenten houfreg sinn.
