14.04.2026
Iwwerreechung vum Luxembourg American Business Award u Plastipak
En Dënschdeg war zu New York, a Präsenz vum Grand-Duc, d'Zeremonie vun de Luxembourg American Business Awards 2026, engem traditionelle Rendez-vous, deen déi transatlantesch wirtschaftlech Relatioune feiert. De Staatschef huet dës Auszeechnung un déi amerikanesch Entreprise « Plastipak » iwwerreecht fir hiren Engagement zu Lëtzebuerg mat hirer Filial "LuxPET" zu Käerjeng.
© Russ Rowland
© Russ Rowland
© Russ Rowland
© Russ Rowland
© Russ Rowland
© Russ Rowland
A senger Ried huet de Grand-Duc d'Vertraue vun der Firma an de Grand-Duché an hir kontinuéierlech Entwécklung vun den Aktivitéiten zu Lëtzebuerg gelueft. Hien huet dobäi och déi wichteg Roll vun der Entreprise am Beräich vum Recycling an der Kreeslafwirtschaft ervirgehuewen.
Virum Business Award huet de Grand-Duc den Häre Fernand Lamesch et Leonard Levie allebéid eng Éierenauszeechnung iwwerreecht, als Unerkennung fir hir laangjäreg Efforten fir d‘Relatiounen tëschent Lëtzebuerg an den USA ze stäerken.
Zougangsastellungen
Sichen
