18.04.2026
Lëtzebuerg feiert déi 25. Editioun vum Télévie
Zanter méi wi engem Véierelsjoerhonnert mobiliséiert den Télévie all Joer zu Lëtzebuerg ronderëm ee gemeinsamen Zil: d’Fuerschung géint de Kriibs ënnerstëtzen. Dëse Samschdeg waren de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse op der leschter Ligne droite vum Spendemarathon dobäi.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Am fréien Nomëtteg ass d’Grande-Duchesse op Rodange gaangen, an de Centre de promesses deen bei all Editioun vum Télévie dobäi war, fir déi vill engagéiert Benevollen do ze begréissen an ze ënnerstëtzen. Um Samschdegowend war de Grand-Duc live an der Spezial-Emissioun vun RTL Télé Lëtzebuerg, déi dës Jubiläumseditioun vum Télévie ofgeschloss huet. De Staatschef huet dobäi och selwer um Telefon Uriff vun Donateuren entgéint geholl.




















