Direkt op den Haaptinhalt

13.04.2026

Aweiung vum neien “AI Experience Center“ an der LHoFT

De Grand-Duc weit den neien "AI Experience Center" an der LHoFT

Dëse Méindeg war am Luxembourg House of Financial Technology (LHoFT) d’Inauguratioun vum “AI Experience Center“, e Referenzprojet vum Finanzministère deen sech an de Kader vun der nationaler Strategie fir kënschtlech Intelligenz aschreift. 

© Maison du Grand-Duc

De Grand-Duc, zesumme mam Premierminister Luc Frieden an dem Minister Gilles Roth, huet dësen Zenter besicht deen dem Visiteur konkreet duerleet wéi KI am Beräich vun de Finanzservicer kann applizéiert ginn, zum Beispiel fir konform mam reglementaresche Kader ze sinn oder an de Beräicher vum Kampf géint Wäisswäsche vu Suen a KYC, also de Banken hir Obligatioun fir hir Clienten ze kennen an d’Aktivitéiten ze verstoen.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

Den Zenter soll hëllefen datt KI am Finanzsecteur genotzt gëtt an dozou bäidroe fir Lëtzebuerg als Standuert nach méi attraktiv ze maachen.

De Staatschef huet d’Initiativ begréisst an dem Projet vill Erfolleg gewënscht deen d’Fäegkeet vu Lëtzebuerg weist, fir an engem villverspriechende Secteur innovativ ze sinn.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc