25.03.2026
Krich an der Ukrain: Audienz vun der Oleksandra Matviïchuk, Gewënnerin vum Friddensnobelpräis 2022
E Mëttwoch huet d'Grande-Duchesse déi ukrainesch Affekotin a Mënscherechtsaktivistin Oleksandra Matviïchuk an Audienz empfaangen. Si gouf vun der Vizepresidentin vun der Associatioun „LUkraine“, Inna Yaremenko, begleet.
© Maison du Grand-Duc
Bei der Renconter sinn déi alldeeglech Realitéiten an engem Land am Krichszoustand thematiséiert ginn, do wou d’Mëssuechtung vu Mënscherechter a vum internationale Recht ongestrooft dervukommen.
Mat hirer ONG « Le Centre pour les libertés civiles », setzt d'Madamm Matviïchuk sech fir d'Ënnerstëtzung an d‘Protektioun vun der betraffener Bevëlkerung an.
© Maison du Grand-Duc
Am Joer 2022 gouf hiren Engagement, an dee vun hirer Associatioun, mam Friddensnobelpräis ausgezeechent.
Aktivitéiten | D’Grande-Duchesse
Zougangsastellungen
Sichen












