16.04.2026
D'Grande-Duchesse besicht d'« Maison Sourrire »
Dësen Donneschdeg huet d'Grande-Duchesse, begleet vum Minister Max Hahn an dem Buergermeeschter Christian Weis d'« Maison Sourrire » (Soutien pour l’Intégration, le Respect et l’Estime de soi) zu Esch-Uelzecht besicht. Hei huet si sech mat de Beneficiairen, dem Personal an och de Fräiwëllegen ënnerhalen, déi aktiv um Terrain schaffen.
© Maison du Grand-Duc
Bei dëser Geleeënheet huet d'Associatioun der Grande-Duchesse hir Aarbecht an Aktioune virgestallt. Hei gi besonnesch Flüchtlingen a Mënschen déi zu Lëtzebuerg liewe begleet, déi an enger prekärer Situatioun sinn. Op dës Manéier sollen déi Betraffe besser integréiert a méi selbstänneg ginn. An dësem Kontext gi Sproochecoursen, Sport- a Kreativ-Workshoppen, psychologesch Betreiung a Gemeinschaftsaktivitéite gratis ugebueden. D'Direktioun ass bei der Visitt och op d'Entwécklungsprojete vun der ASBL agaangen, ënner anerem den "Atelier des possibles", déi déi berufflech Reintegratioun op den Aarbechtsmaart erméiglecht.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
D'Grande-Duchesse huet de virbildlechen Engagement vun der « Maison Sourrire » gelueft, deen et jidderengem erméiglecht seng Plaz an eiser Gesellschaft ze fannen.
© Maison du Grand-Duc
